Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

D'Wanda Landowska an den Trio Koch

Ee Concert-Conférence a Kammermusek am Stater Conservatoire

Jonk Museker on Tour

D'Aktivitéite vum National Youth Wind Orchestra Luxembourg an dem Jugendsymphonieorchester Eifel-Ardennen

Ungaresch Konnektiounen

D'Solistes Européens, Luxembourg proposéiere fir hiren nächste Concert (24.4.2017) Wierker vu Brahms, Bartok a Kodaly.

Simon Boccanegra

Dem Verdi säin Drama ronderëm den Doge vu Genua am Saarbrécker Staatstheater

Cembaless

Den Ensembel krut de Förderpräis bei den Tage Alter Musik im Saarland

Tage alter Musik am Saarland gi weider

De Festival am Saarland fir d'Braockmusek

Klassesche Programm op Ouschteren - radio 100,7

Wéi gewinnt proposéiert de radio 100,7 vill passend Kassik op de Feierdeeg.

D'Salzburger Ouschterfestpiller

De Festival leeft bis Ouschterméindeg.

D'Journées musicales de Mondorf

Bis den 22. Abrëll sinn an der Thermalstad Meeschtercourse fir Sträichinstrumenter.
Een Nachzügler

Een Nachzügler

Den Krzysztof Penderecki schreift seng laang erwaart 6. Symphonie.

Passions et Lamentations

Déi 8. Editioun vun dësem Festival ass Karfreideg an Ouschtersamschdeg am Stadgronn.

Le Festival de Pâques vun Aix-en-Provence

Déi 5. Editioun dauert bis den 23. Abrëll.

Den Ensemble sonas KUNE

Eng nei Kammermuseksformatioun presentéiert sech op Ouschterméindeg an der Porkierch zu Fëschbech bei Miersch.
Cremona per Monteverdi

Cremona per Monteverdi

Déi italienesch Stad feiert de 450. Gebuertsdag vum Komponist.

"Ech wëll eng vun deene Beschte ginn"

Am Gespréich mat der Sopranistin Elsa Dreisig, Young Artist of the Year bei den International Classical Musical Awards

Side by Side

Schüler aus de Conservatoiren spillen zesummen mam OPL an der Philharmonie.

Jonk Talenter trieden op

Bei der "Soirée Jeunes Pianistes" presentéiere sech Schüler vum Conservatoire du Nord.

Illusioni

D'Pianistin Alexandra Matvievskaya spillt an der Abtei Neimënster (7.4.2017) Wierker vun der Tatsiana Zelianko.
headphones

10 min

play_arrow

Lëtzebuerger Lidder 4.0

E Concert an eng CD mat nei arrangéierte bekannte Melodien

Romantesch Musek fir d'Braatsch

Concert (7.4.2017) mat Enseignanten aus dem Stater Conservatoire