"Glass for Two"
De Lëtzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher an déi däitsch-griichesch Pianistin Danae Dörken hunn d'lescht Joer hiren éischte gemeinsamen Album "Glass Two" opgeholl. Dorop sinn nieft eegene Kompositioune vum Pascal Schumacher och Wierker vum amerikanesche Minimalist Philip Glass. Haut (1.6.) um 5 Auer spille si aus deem Programm op hirem Première-Concert mam Motto "Glass for Two" hei am Land. Deen ass zu Klierf an der Loretto-Kapell. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit de Pascal Schumacher méi iwwer de Programm an den Duo: Lauschteren
Lëtzebuerger Johannespassioun zu Wuermer
Beim Wuert "Johannespassioun" denkt ee séier un de Johann Sebastian Bach. Et geet awer och méi modern, an dat weist dem Jean-Pierre Kemmer seng Johannespassioun. Déi steet haut (1.6.) um 5 Auer um Programm zu Wuermer an der Kierch. Do séngt net nëmmen ee Chouer, mee direkt dräi verschiddener, an Dirigentin ass d'Steffi Schlink. Si erzielt am Gespréich mam Christophe Mirkes méi: Lauschteren
"Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester"
Fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker geet elo eng nei Era un - de Freideg 23. Mee hat de Gustavo Gimeno säi leschte Concert als Chefdirigent an der Philharmonie. Et war säi grousse “Farewell Concert”, also fir Äddi ze soen. Passend zu deem grousse Wiessel huet den Alain Steffen deen Dag och en neit Buch publizéiert mam Titel “Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester”. De Lëtzebuerger Auteur verréit an engem Gespréich mam Marie Schockmel méi: Lauschteren
Klassik Album vun der Woch: Barockmusek vu Cremona
D'Berliner Barocksolisten brénge well hiren zweete Cremona-Album eraus, dës Kéier mat Geieconcerti vum Antonio Vivaldi, Francesco Durante, Leonardo Leo, Pietro Locatelli an Giovanni Battista Sammartini. Cremona an der Lombardei ass eng vun deene wichtegste Stied fir d’Urgeschicht vum Geiebau. D’Gei, wéi mir se haut kennen, gouf an Ateliere vu Geiebauer zu Cremona entwéckelt. Am 16. Joerhonnert hu Geiebauer aus dem Stied-Dräieck Mantua-Brescia-Cremona kënschtleresch an handwierklech Standarde fir de Geiebau festgeluecht, déi bis haut gëllen. D'Famillen Amati oder och spéiderhi Guarneri del Gesú a Stradivari kommen och aus Cremona. D'Marie Trussart huet den Album ganz gelauschtert a verréit seng Andréck am Gespréich mam Marie Schockmel.