Dauer: 5 Minutten
Fir ee Glas brauche mir:
- 60 ml waarmt Waasser
- 2 Zoppeläffelen Huewerflacken
- 2 Medjool Dattelen (ouni Kären)
- 20 – 30 g Kornischong (oder Spinat)
- 240 ml planzlech Mellech, z.B. Sojamellech
- 1 Apel, a kleng Stécker geschnidden
- 1 Kaffisläffel Kanéilpudder
- 1/8 Kaffisläffel Muskatpudder
Zoubereedung:
1. Dat waarmt Waasser, d’Huewerflacken an d’Dattelen an engem Mixer vermëschen a fir e puer Minutte roue loossen
2. De Rescht dobäi ginn a mixe bis alles vermëscht ass
3. An e Glas schëdden a wa gewënscht, e bësse Kanéil- oder Muskatpudder dropstreeën