Dauer: 10 Minutte Virbereedung & 25 Minutte Kachen
Mir brauchen:
- 50 – 80 g Cashewnëss
- 150 – 240 ml Waasser (deemno wéi crèmeg d’Zooss soll sinn)
- 2 Zoppeläffele planzlechen Ueleg (z.B. Olivenueleg)
- 200 – 280 g Champignone
- 1 Zwiwwel, a kleng Stécker geschnidden
- 3 Knuewelekszéiwen, kleng gehackt
- Optional: 100 - 120 ml Wäisswäin
- 1 Kaffisläffel Moschter
- Salz a Peffer
- Optional: frësch Kraider (z.B. Basilikum oder Dill)
Zoubereedung:
1. D’Cashewnëss fir ronn 10 Minutten an engem klengen Deppe mat Waasser opkachen (bis se mell sinn)
2. An engem Mixer d’Cashewnëss mat dem Waasser vermëschen, bis et eng Crème gëtt
3. An enger Pan oder engem Deppen den Ueleg opwiermen, d’Champignone dobäi ginn a fir e puer Minutte kachen
4. D’Zwiwwelstécker an d’Knuewelekstécker dobäiginn a fir e puer Minutte kachen
5. De Wäin dobäi ginn a weider fir e puer Minutte kachen
6. De Moschter dobäi ginn
7. D’Cashewcrème dobäi mëschen
8. D’Zooss bei Nuddele ginn
9. Optional: frësch Kraider dobäi ginn