Dauer: ronn 20 Minutten
Mir brauchen:
• 250-400 g Nuddelen
• 2 Zoppeläffelen Olivenueleg
• 1 giel Zwiwwel, a kleng Stécker geschnidden
• 3 Zéiwe Knuewelek, kleng gehackt
• 200-400 g gereecherten Tofu, a kleng Wierfele geschnidden
• 250-500 ml Sojacrème (alternativ: 30 g Weessmiel & ronn 550 ml planzlech Mëllech)
• 2 Zoppeläffelen Hiefflacken
• ¾ Kaffisläffel Kala Namak (schwaarzt Salz)
• ½ Kaffisläffel schwaarze Peffer
• Optional: frësche Péiterséileg, kleng gehackt
Zoubereedung:
1. D’Nuddele kachen
2. An enger grousser Pan den Olivenueleg fir e puer Minutte waarm gi loossen
3. D’Zwiwwelen an de Knuewelek derbäiginn a fir ronn 5 Minutte broden
4. De gereecherten Tofu derbäi ginn a fir ronn 5 Minutte broden
5. D’Sojacrème derbäi mëschen (oder d’Weessmiel an d’planzlech Mëllech derbäi mëschen)
6. Kala Namak, d’Hiefflacken an de schwaarze Peffer derbäiginn a fir ronn 5 Minutte kachen
7. D’Nuddele bei d’Zooss derbäi ginn an alles gutt vermëschen