Dauer: 30 Minutte Virbereedung a 15 Minutte Baken an 3 Stonnen opgoe loossen
Mir brauchen:
- 500 g Miel (Typ 55 oder Broutmiel)
- 100 g Zocker
- 7 g dréchen Hief (oder 20 g frësch Hief)
- 150 ml planzlech Mëllech, wotlech
- 150 ml Waasser
- 60 g Sonneblummenueleg
- 2 Kaffisläffele Vanillextrakt
- D’Schuel vun enger Orange (a kleng Stécker gerappt)
- 60-80 g donkel Schockelasstécker
Zoubereedung:
1. An enger grousser Schossel d’Miel, den Zocker an d’Hief vermëschen
2. D’Orangeschuelstécker, déi wotlech planzlech Mëllech, d’Waasser, de Sonneblummenueleg an de Vanillextrakt dobäi mëschen
3. E bësse Miel op d’Aarbechtsfläch streeën, an den Deeg fir ronn 5 Minutte mat den Hänn knieden (bis en elastesch ass)
4. Dat bannent vun der Schossel mat e bëssen Ueleg bepinselen an d’Deegbull do draleeën, mat engem fiichten Duch bedecken a fir ronn 2 Stonnen opgoe loossen
5. E bësse Miel op d’Aarbechtsfläch streeën, den Deeg drop ausrullen a mat de Shockelasstécker beleeën
6. Mat enger Deegrull den Deeg op eng rechteckeg Form ausrullen, mat ca. 1 cm Déckt
7. Aus deem Deeg ronn 13 Sträife schneiden, an dann nach eemol an der Mëtt schneiden
8. Allkéiers 3 Sträife matenee flechten
9. All d’Briochen op e Bakblech mat Bakpabeier leeën a fir ronn 1 Stonn opgoe loossen
10. De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
11. D’Briochë mat e bësse planzlecher Mëllech bepinselen
12. D’Briochë fir ronn 15 Minutte baken, bis se uewen e bësse gëlle sinn
13. Nom Baken d’Briochë mat e bësse Waasser bepinselen, fir datt se mell bleiwen
14. Ofkille loossen a genéissen, entweder esou oder mat Pudderzocker drop