Repertoire
Insgesamt sinn 21 Tracks op dësem Album an et kann ee sécher sinn dorënner eng ganz Rei ongewinnt, mee agreabel Entdeckungen ze maachen. Nieft deene gängege Komponisten, déi ee mat der Belle Epoque verbënnt (z.B. de Ravel, Kreisler, Rachmaninoff, Poulenc, Liszt), sinn och eng ganz Rei manner bekannten Nimm vertrueden. Domat huet een d'Méiglechkeet, de vollen Ëmfang u Klangfaarwen aus där Zäit kennen ze léieren. Mat der Mel Bonis a mat der Cécile Chaminade beliichten och weiblech Komponistinen de Goût an de Charme aus där Zäit.
E Meeschter um Piano
De Joseph Moog huet scho mat villen Disken de Public an d'Musekskritiker begeeschtert. Och op senger neister Produktioun straalt de 37 Joer ale Pianist mat technescher a musikalescher Brillanz. E kloren Touché, deen trotzdeem grousse Klang erlaabt, bitt eng Diversitéit u Feinheeten. De Witz, de Charme an d'Ästhetik fannen do hir Plaz. Virun allem sinn och kleng Extravaganzen am Spill mam Tempo ze bewonneren. Et ass konzeptuell an interpretatoresch eng Produktioun, déi vun engem kompletten, vollkommene Museker realiséiert gouf.