Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Caritas: 30 Mataarbechter:inne riskéieren hir Aarbechtsplaz ze verléieren

Suite vum Finanzbedruch

Caritas: 30 Mataarbechter:inne riskéieren hir Aarbechtsplaz ze verléieren

Ronn 30 Mataarbechter:inne vun der Caritas goufen de Méindeg am spéide Mëtteg doriwwer informéiert, datt si an der Suite vum Finanzbedruch bei der ONG riskéieren hir Aarbechtsplaz ze verléieren. Dat huet de Smail Sulijc vum OGBL no enger Reunioun mam Krisecomité vun der Caritas confirméiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Caritas

Nom Finanzbedruch weess d'Caritas net, wéi si d'Paie vu ronn 30 Mataarbechter:inne vun Oktober u bezuele soll.

Zwar wier garantéiert, datt d'Salariéen nach dëse Mount bezuelt kënne ginn, esou de Smail Sulijc direkt no der Reunioun de Méindeg, mee eng 30 Mataarbechter kéinten eventuell net an déi geplangten nei Entitéit transferéiert ginn. Mat deene stéing een och am Kontakt, fir no Léisungen ze sichen. Wa fir déi betraffe Leit keng Konventioune fonnt géife ginn "da musse mir domat liewen, datt verschidde Leit awer d'Aarbechtsplaz musse verloossen". 

Fir déi betraffe Mataarbechterinnen a Mataarbechter wier dës Info keng Iwwerraschung gewiescht, si hätte schonn am Virfeld Bescheed gewosst, esou de Smail Sulijc. Déi iwwer 400 aner Mataarbechter:innen, déi net perséinlech kontaktéiert goufen, misste sech deemno keng Suergen ëm hir Aarbechtsplaz maachen.

Berufflech Zukunft vu verschiddene Leit nach ongewëss

Wéi eng Konventiounen tëschent der neier Entitéit an dem Staat kënnen erhale bleiwen a wéi eng net, wier awer och nach ongewëss, esou de Smail Sulijc.

"Do sinn si amgaange juristesch ze kucken, wéi si kënnen déi nei Entitéite mat deene Konventioune verbannen. An do brauche si nach e bëssen Zäit, mee dat soll elo ganz zäitno de Fall sinn."

De Smail Sulijc huet ausserdeem vun engem gudden Austausch mam Krisecomité vun der Caritas geschwat. An der Reunioun hätt den OGBL och vun där neier Direktioun ee staarke Sozialdialog gefuerdert. Eng weider Reunioun tëschent dem OGBL an dem Krisecomité vun der Caritas wier Stand elo nach net geplangt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas