Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Chamber gëtt net vill Neies gewuer

Caritas-Affär

Chamber gëtt net vill Neies gewuer

Nom Echange mam Premier Luc Frieden fuerdert d’LSAP eng Spezialkommissioun, fir d‘Ursaachen an d‘Konsequenze vum Finanzberäich bei der ONG méi am Detail opzeschaffen.

auto_stories

2 min

Eng Majoritéit vun der Chamber misst fir d’Schafe vun esou enger Kommissioun stëmmen. Ob aner Parteie bereet si mat op de Wee vun enger Spezialkommissioun ze goen, ass nach onkloer.

D’Argument fir esou eng Demarche ass dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot no engersäits ee logistescht: De Finanzbedruch bei der Caritas betrëfft esou vill verschidde politesch Ressorten, datt et komplizéiert wier, fir déi vill Chamberkommissioun all Kéiers alleguer zesummen ze ruffen. Mee och politesch wier et wichteg Transparenz ze schafen an nees Vertrauen an d’Aarbecht vun den ONGen hierzestellen, esou de Franz Fayot.

De Premier Luc Frieden huet sengersäits drop verwisen, datt bis ewell guer net kloer ass, wat genee bei der Caritas schif gelaf ass. Dofir wier et a sengen Aen nach ze fréi fir Conclusiounen aus dëser Affär ze zéien: “Well dat den Objet ass vun enger Enquête, engersäits vun der Police an der Justiz an anerersäits vun der Bankenopsiicht. An déi mussen elo hir Aarbecht maachen.“

Keng Äntwerte fir international Aktivitéiten a politesch Aarbecht

D’Deputéiert vun der Oppositioun hunn nom Echange mam Premier kritiséiert, datt si op vill Froe keng Äntwerte kruten. Bedauert gëtt och, datt keng Léisung fonnt gouf fir déi international Aktivitéiten an déi politesch Plaidoyersaarbecht vun der Caritas weider ze féieren.

De Marc Baum vun déi Lénk gesäit hei d’Regierung an hire Krisemanagement an der Verantwortung. CSV an DP wiere just drun interesséiert gewiescht, datt verschidden Déngschtleeschtunge weider assuréiert ginn: “An et kënnt mat deem Kader, datt déi international Entwécklungshëllef ze kuerz kënnt.“

D‘CSV bedauert déi passiv Roll vum Bistum

Den CSV-Deputéierte Marc Spautz huet sengersäits déi passiv Roll vum Bistum bedauert, deen d‘Fondatioun Caritas gegrënnt huet.

Hien hätt sech méi “Input” vum Bistum erwaart, esou de Marc Spautz: “Fir ze wëssen, wéi si zu där ganzer Geschicht stinn. An dann hätt ee vläicht och mat de Relatioune vum Bistum am internationale Beräich kënnen eppes maachen, fir datt kee vun deene Projeten am Kooperatiounsberäich misst opgehale ginn.“

De Bistum huet e Méindeg an engem Communiqué keng Erklärung ginn, firwat e sech net un de Beméiunge bedeelegt, fir d‘Aktivitéite vun der Caritas weider ze féieren.

Lauschterenplay_arrow