National

D'Chamberparteien hunn ënnerschiddlech Meenunge wat e Walrecht vu 16 Joer un ugeet

Soll d’Jugendwalrecht nei diskutéiert ginn? D’Reaktioune vun de Chamberparteien op d’Fuerderung vum Jugendparlament falen ënnerschiddlech aus. D’Jugendparlament hat gefuerdert, datt 16-Järeger scho bei den nächste Kommunalwale solle wiele kënnen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chambre Des Députés play_arrow
(Foto: Chambre Des Députés)

déi gréng, Déi Lenk, d’Piraten, d’LSAP an och d’DP weise sech prinzipiell oppe fir dës Propos.

De Referendum war kloer

Den Alter fir kënne wielen ze goe rofzesetzen, dat war scho beim Referendum vun 2015 e Sujet. Deemools war ënner anerem gefrot ginn, ob 16- a 17-Järeger allgemeng och d’Walflicht solle kréien. 80 Prozent vun de Wieler:innen hate sech deemools dogéint ausgeschwat. 

Bei der aktueller Propos vum Jugendparlament geet et just um d’Walrecht fir d’Kommunalwalen. D’Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, ass der Meenung, datt dës Debatt nach net ofgeschloss wier, obwuel beim Referendum dogéint gestëmmt gouf.

"Demokratie entwéckelt sech och ëmmer weider. A grad, wann déi Jonk sech mobiliséieren, an nach eng Kéier ganz kloer mat der Fuerderung kommen, d’Walrecht ab 16 opzemaachen, da soll d’Politik dat och wouerhuelen."

D’Gemengewale wieren en éischte Schrëtt, dee kéint an enger Reform vum Walgesetz gemaach ginn, mengt d’Taina Bofferding. Spéider kéint dann och d’Walrecht fir 16-Järeger op nationalem an europäeschen Niveau ëmgesat ginn.

Dëst géifen och de Sven Clement vun de Piraten, d’Sam Tanson vun déi gréng, esou wéi de Marc Baum vun déi Lénk begréissen.

CSV méi retizent, fir d'ADR ausgeschloss

De Laurent Zeimet, CSV-Fraktiounschef an der Chamber, reagéiert éischter zeréckhalend. Fir hie misst d’Resultat vum Referendum vun 2015 respektéiert ginn.

"De Referendum war ganz kloer. Dat heescht, näischt verhënnert eng Diskussioun doriwwer, mee et kann een net ausklameren, datt e Referendum zu der do Fro war, och wa se villäicht manner prezis gestallt war."

Och d’DP akzeptéiert d'Resultat vum Referendum. Déi Liberal waren awer schonn 2015 fir eng Reform vum Jugendwalrecht – an dat wier och nach haut de Fall, seet de Gilles Baum.

Fir d’Oppositiounspartei ADR bleift eng weider Diskussioun zum Theema Walrecht fir Mannerjäreger nom Referendum allerdéngs ausgeschloss, wéi de Fred Keup seet.

"Dofir mengen ech, datt een dat Resultat vun deemools och ka global gesi fir all déi verschidde Walen, déi mir hei hunn. Et ass jo oft esou, et gëtt eng Ouverte gemaach, just elo fir d’Gemengewale fir 16 Joer, an duerno gëtt et ëmmer weider ausgefouert."

Bis op d’ADR sinn all d’Chamberparteien op d'mannst oppen, fir mat de Membere vum Jugendparlament iwwer hir Fuerderungen zum Jugendwalrecht bei de Gemengewalen ze schwätzen. Ob et méiglech ass, dat bis zu den nächste Gemengewalen 2029 ëmzesetzen, steet awer an de Stären.

Lauschterenplay_arrow