Franz Fayot am 100,7-Interview

LSAP wäert "onverantwortlech" Steierreform wuel net matstëmmen

D’Regierung wëllt an den nächste Wochen eppes ëmsetzen, wat scho laang an der Diskussioun ass: Jidderee soll op déi nämmlecht Aart a Weis besteiert ginn. D'Oppositiounspartei LSAP fënnt d'Grondiddi dovu gutt, ka sech awer mat der geplangter Ëmsetzung net ufrënnen.

auto_stories

5 min

headphones

12 min

De Franz Fayot | © Radio 100,7 play_arrow
De Franz Fayot (Foto: Radio 100,7)

Déi lescht Regierung wollt och schonn eng Steierreform maachen. Deemools huet Covid dem Ganzen awer ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Elo ass et awer grad déi fréier Regierungspartei LSAP, déi d’Reform skeptesch gesäit.

LSAP prinzipiell fir eng individualiséiert Besteierung, mee ...

Am 100,7-Interview betount den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, datt seng Partei fir eng Individualiséierung vun der Besteierung ass.

“Well mir der Meenung sinn, datt Steiere sech net sollen amëschen a Liewenschoixen, déi d’Leit hunn, ob si sech bestueden, zesummen oder eleng liewen.”

D’LSAP hätt awer zwee Problemer mat der proposéierter Reform: Se wier net sozial gerecht a géing ze vill Sue kaschten. Eng Milliard Euro pro Joer nämlech. Dat wier eng “Hypothéik op déi nächst Generatiounen”, kritiséiert de fréiere Wirtschaftsminister.

“Grad a schwéieren Zäite wéi elo ass dat eng Fro vu budgetärer Responsabilitéit.”

Reform wërft eng Partie "Ongereimtheeten" op

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth schwätzt vun enger Reform, vun där jidderee profitéiere géing. Déi puer, déi dat net maachen, kréien eng laang Iwwergangsperiod fir datt si den Ënnerscheed net ze staark ze spiere kréien.

De Franz Fayot ass mat där Iwwergangsperiod averstanen. D’Koppelen an der Klass 2 solle schliisslech och Planungssécherheet hunn.

Et géingen awer trotzdeem eng Partie “Ongereimtheete” ginn, grad wann een d’Reform mam Ausland vergläicht, gëtt de Franz Fayot ze bedenken.

Am Ausland wieren nämlech dacks aner Beneficer agefouert gi fir deen Effekt ofzefiederen. Hei am Land géing fir Mono-actiffen a Mono-parentallen net vill gemaach ginn.

Fir d’LSAP misst dat awer am Zentrum vun enger Reform stoen: Wéi kann een déi Leit, déi dem Aarmutsrisiko am meeschten ausgesat sinn, am beschte schützen?

Firwat d'Steierklass 1A als Ausgangspunkt?

De Franz Fayot stéiert sech drun, datt d’Regierung bei hirer Reform vun der Klass 1A als Ausgangspunkt fortgeet.

“Si huelen de Barème unique, deen ass axéiert op d’Klass 1A, wat eng zimmlech favorabel Klass ass. Do, wou fréier d’Witwer an Alleinerzieher dra waren. Et muss ee sech froen, firwat een eng Reform mécht, déi an der Haaptsaach Celibatairë begënschtegt? (...) Firwat ausgerechent déi mat de mannste Chargen an hirem Menage, mat de mannste Fraisen. (...) Firwat ausgerechent déi avantagéieren?”

Dat wier e Choix vun der Regierung gewiescht, deen ni richteg erkläert gi wier, kritiséiert de Franz Fayot.

Schwaarz-Blo géing mat Floskelen äntwerten: Méi Netto vum Brutto, méi Kafkraaft fir d’Ekonomie unzekuerbelen.

“E Sammelsurium vu Justifikatiounen, déi an eisen Aen dat Essenziellt aus dem Bléck verléieren, an zwar déi Leit, déi et am meeschte brauchen, ze entlaaschten.”

Héich Revenue méi héich besteieren

D’LSAP wéilt eng alternativ Propos op den Dësch leeën. Eng Alternativ, déi hire Berechnungen no och méi präisgënschteg soll sinn. Dofir misste méi cibléiert Mesurë geholl gi wéi dat aktuell geplangt ass.

Eng weider Kritik betrëfft d’Besteierung vun den héijen Revenuen. Genee wéi d’Chambre des Salarié ass och d’LSAP der Meenung, datt ee bei den ieweschte Revenuen zousätzlech Tranchen aféiere sollt. De Barème sollt ënnen also manner progressiv, an no uewen hi méi héich gestallt ginn.

“Extreeme Räichtum gëtt bei eis net besteiert u sech. Dat ass eng Diskussioun, déi iwwerall gefouert gëtt, déi bei eis mengen ech och geféiert misst ginn.”

Finanziell onverantwortlech vun der Regierung, esou de Franz Fayot

Problematesch gesäit d’LSAP da wéi schonn ernimmt d’Finanzéierung vun der Reform. Déi 1 Milliard Euro pro Joer wiere Suen, déi ee fir déi aktuell an déi nächst Generatioune bréicht. Dobäi kéime wichteg Dossiere wéi de Logement, d’Educatioun, d’Klimaadaptatioun oder nach d’Defense.

“Dat alles kascht en Heede Geld. Do fanne mir, datt dato zu dësem Zäitpunkt zimmlech onverantwortlech ass, dat ze maachen.”

D’Individualiséierung vun der Besteierung wier zwar e grousse Pluspunkt vun der Reform, mee aktuell géing et nach ze vill Minuspunkte ginn, esou den LSAP-Deputéierten.

LSAP wäert d'Reform wuel net matstëmmen

De Finanzminister Gilles Roth ass allerdéngs net bereet, nach emol un d’Reform fréckelen ze goen.

De Franz Fayot hätt sech gewënscht, hien an d’Regierung hätte sech méi mat de “gudden a kriteschen” Avisen auserneegesat, déi ënner anerem vun der Chambre de Commerce an der IDEA verfaasst goufen.

D’LSAP wäert dofir d’Reform wuel net matstëmmen, annoncéiert de Franz Fayot.

“En état actuel des choses wäerte mir dat hei net matstëmmen.”

Datt grad d’Sozialiste sech da wäerten unhéiere mussen, datt si géint eng Reform stëmmen déi ganz vill Leit ënner dem Stréch entlaascht, wier e kommunikative Match, deen ee maache misst, esou nach de Franz Fayot.

Lauschterenplay_arrow