Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Robert Schumann (arr. Theodor Kirchner) - Sechs Studien in kanonischer Form, Op. 56, II. Mit innigem Ausdruck - Kammerata Luxembourg

play_arrow Live
opus

/ D'Kardineel begi sech haut bei d'Graf vum Poopst François fir ze bieden

Nom Begriefnis gëschter um Samschdeg

D'Kardineel begi sech haut bei d'Graf vum Poopst François fir ze bieden

An der Basilika Maria Maggiore zu Roum kënne Gleeweger vum Sonndegmoien un eng éischte Kéier d‘Graf vum Poopst François besiche goen. Do gouf hie gëschter um Samschdeg bäigesat. Am Nomëtteg wëllen d‘Kardineel eng éischte Kéier bei d‘Graf goe fir ze bieden.

auto_stories

1 min

D'Graf vum Poopst an der Santa Maria Maggiore Basilika zu Roum. | © picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
D'Graf vum Poopst an der Santa Maria Maggiore Basilika zu Roum. (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

Schonn déi lescht Deeg hunn d‘Kardineel sech getraff fir iwwer Detailer vun der Konklav ze schwätzen. Eventuell muer um Méindeg kéint dann een Datum bekannt ginn, wéini d‘Konklav ufänke soll.

Nach ass eng Trauerphas virgesi vun 9 Deeg. De fréistméigleche Rendez-vous wier deemno de 5. oder 6. Mee. Déi iwwernächst Woch kéint also theoretesch d‘Wal vun engem neie Poopst ufänken.