An der Konklav decidéierten déi walberechtegt Kardineel an der Sixtinescher Kapell den Nofollger vum Poopst François, deen op Ouschterméindeg gestuerwe war.
Walberechtegt sinn 135 Kardineel ënner 80 Joer. Déi grouss Majoritéit (108) vun hinnen hat de François ernannt.
Fir gewielt ze sinn, braucht den neie Poopst eng Zweedrëttelmajoritéit.
Ënnert de Kardineel, déi walberechtegt sinn, ass de Lëtzebuerger Jean-Claude Hollerich.
D’Konklav kann no e puer Stonne riwwer sinn, kann awer och Deeg oder Wochen daueren. Eng zäitlech Limitt gëtt et net.