Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Grouss Stroumpann a Spuenien an a Portugal

Kee Stroum méi

Grouss Stroumpann a Spuenien an a Portugal

A Spuenien gëtt et eng massiv Stroumpann: Déi ganz ibeeresch Hallefinsel, also och Portugal, soll betraff sinn, grad wéi Deeler vu Frankräich. Déi spuenesch Inselen, d‘Kanaren an d‘Baleare wieren net betraff. 

auto_stories

1 min

Stroummast | © Bigstock / zalak
(Foto: Bigstock / zalak)

An de grousse Stied Madrid a Barcelona gëtt et keen Elektresch am Moment, um ganze spueneschen Territoire sinn d‘Zich stoe bliwwen, op de Fluchhäfen ass Chaos. De spuenesche Stroumnetzbedreiwer Red Electrica mellt, datt een am gaangewier, drun ze schaffen. D‘Ursaach ass bis elo net kloer. De Bedreiwer rechent domat, dass et 6-10 Stonne wäert daueren, bis d'Pann behuewen ass. 

D'Leit sollen doheem bleiwen

De spuenesche Premier Pedro Sanchez huet eng Krisereunioun zu Madrid aberuff. D‘Spuenier sinn opgeruff ginn, wann net néideg, doheem ze bleiwen. 

D‘EU-Kommissioun huet elo matgedeelt, datt een a Kontakt wier mat de spueneschen a portugiseschen Autoritéiten, fir d‘Ursaach festzestellen. Och déi franséisch Gestionnaire wieren am gaangen ze hëllefen, fir de Stroum-Reseau op der Ibeerescher Hallefinsel ze realimentéieren.  

Och Portugal, Andorra a Frankräich betraff

Och a Portugal gëtt et a verschiddene Gebidder e Blackout, grad wéi an Andorra.

Am Süde vu Frankräich war och de Stroum fort. Do konnt d‘Pann awer no puer Minutte rëm behuewe ginn.