Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Franz Xaver Richter - Sträichquartett an Do Majeur, Op. 51, IIII. Presto - Martinu Quartet

play_arrow Live
opus

/ Der CDU hir Lëscht fir d’Regierungsmembere steet

Zukünfteg däitsch Regierung

Der CDU hir Lëscht fir d’Regierungsmembere steet

Déi däitsch CDU huet d’Nimm vun hire Ministerinnen a Ministere bekannt ginn.

auto_stories

1 min

Friedrich Merz (Archiv) | © picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto
Friedrich Merz (Archiv) (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

Neien däitschen Ausseminister soll de Johann Wadephul ginn. De Patrick Schnieder vu Bitburg soll neien Transportminister ginn. Den Digitalminister Karsten Wildberger war bis elo Chef vum Media Markt/Satur-Mammekonzern. An aacht Deeg soll de Friedrich Merz als neie Kanzler gewielt ginn.

·      Kanzleramt: Thorsten Frei

·      Ausseminister: Johann Wadephul

·      Digitaliséierung: Karsten Wildberger

·      Wirtschaft: Katherina Reiche

·      Verkéier: Patrick Schnieder

·      Gesondheet: Nina Warken

·      Bildung/Famill: Karin Prien

De fréiere Gesondheetsminister Jens Spahn (CDU) soll neien CDU/CSU-Fraktiounschef ginn: dat huet d’Noriichtenagence DPA gemellt.