Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Edvard Grieg - Hochzäit zu Troldhaugen - Ana-Marija Markovina (Piano)

play_arrow Live
opus

/ No enger Explosioun an engem iraneschen Hafe klëmmt d'Zuel vun den Doudegen op mindestens 25

Provënz Hormusgan

No enger Explosioun an engem iraneschen Hafe klëmmt d'Zuel vun den Doudegen op mindestens 25

No enger schwéierer Explosioun an engem iraneschen Hafe klëmmt d‘Zuel vun den Doudesaffer op op d‘mannst 25. Den iraneschen Inneministère schwätzt entretemps vun iwwer 750 Blesséierter.

auto_stories

1 min

D‘Populatioun an der Provënz Hormusgan gouf opgefuerdert, dringend Blutt fir déi Schwéierblesséiert ze spenden. Aussoe vun der Douane no gouf d‘Explosioun duerch ee Feier an engem lager fir Chemikalien ausgeléist. D‘Drockwell wier nach an engem Ëmkrees vu 50 Kilometer ze spiere gewiescht.