Lokale Medien no soll de Virfall op engem philippinnesche Fest geschitt si mat dausende Visiteuren. De Buergermeeschter vu Vancouver huet sech schockéiert gewisen a säi Bäileed ausgedréckt.
Éischten Informatiounen no soll et sech ëm een 30 järege presuméierten Täter handelen. D‘Police geet den Ament net vun engem Terror-Akt aus.