Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Carl Maria von Weber - Sechs Sonaten, Op. 10, Sonat Nr.5, I. Thema dell'opera Silvana - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
opus

/ De Gewënner steet fest!

Internationale Klarinette Concours

De Gewënner steet fest!

De 25 Joer jonke Klarinettist Nuno Baptista huet den Internationale Klarinette Concours 2025 gewonnen.

auto_stories

2 min

headphones

137 min

De Gewënner Nuno Baptista | © opus 100,7 play_arrow
De Gewënner Nuno Baptista (Foto: opus 100,7)

De Nuno Baptista (25) ass de Gewënner vun der International Clarinet Competition 2025 am Kader vum Klenge Maarnecher Festival (DKMF) am Cube521 zu Maarnech.

Hien konnt de Jury aus nationalen an internationale Memberen, mat senger Interpretatioun vum Quintett fir Klarinett a Sträichquartett KV 581 vum W.A. Mozart an "Tortoise: for Mango and Teal" vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz, iwwerzeegen.

Mir ware live op der Plaz an hunn dem Nuno Baptista seng éischt Reaktioun nom Gewënn agefaangen.

Lauschterenplay_arrow

Gewonnen huet de Museker domat dann och d'Präisgeld vu 5.000 Euro.

An och un déi zwee aner Finalisten, de Sang-Jin Park (28) a Quentin Chartier (24) krute Präisgelder (2.000 Euro an 3.000 Euro) iwwerreecht.

De Jurypräis vun der Finall a Form vun engem Instrument, enger Klarinett, goung un d'Halleffinalistin Sofia Mekhonoshina. An de Publikumspräis mat enger Valeur vun 1.000 Euro geet och un de Nuno Baptista.

De Concours kënnt dir dann och ab elo an eiser Mediathéik nolauschteren!

Lauschterenplay_arrow