Radioen

On air

De barocke Moien  |  Gaetano Donizetti - Concertino fir Klarinett a Si bémol Majeur, II. Allegretto - Eduard Brunner (Klarinett), Münchener Kammerorchester, Hans Stadlmair (Dir.)

play_arrow Live

Cello-Piano-Duo voller Emotiounen

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Dag vum Mozart sengem Gebuertsdag an och dem Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

auto_stories

1 min

headphones

123 min

Alexander Hülshoff (Cello), Andreas Frölich (Piano) | © HrvatskomDomuSplit play_arrow
Alexander Hülshoff (Cello), Andreas Frölich (Piano) (Foto: HrvatskomDomuSplit)

De 27. Januar ass ee wichtegen Datum an der Welt vun der klassescher Musek. Et ass de Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart. Et ass awer och soss ee groussen Datum, well et ass och den Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. 2025 gouf et op deem Dag e passende Concert an der Philharmonie. Op der Bün stoungen dofir den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich.

Programm:


- Claude Debussy: Sonat fir Cello a Piano a Re Mineur
- Franz Schubert: Sonat fir Arpeggione a Piano a La Mineur D 821
- Wolfgang Amadeus Mozart/ Fritz Kreisler: Haffner Rondo
- Ernest Bloch: From Jewish Life (Prayer, Supplication, Jewish song)
- Dmitri Chostakovich: Sonat fir Braatsch a Piano an Do Majeur op. 147 (arrangéiert fir Cello)

Interpreten:

- Alexander Hülshoff, Cello
- Andreas Frölich, Piano

Lauschterenplay_arrow