Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Carl Maria von Weber - Sechs Sonaten, Op. 10, Sonat Nr.5, I. Thema dell'opera Silvana - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Romantesch Téin aus der Philharmonie

Vu Klangromantik a Klarinettequintetter

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermuseksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

auto_stories

2 min

headphones

122 min

Arthur Stockel | © Sébastien Grébille play_arrow
Arthur Stockel (Foto: Sébastien Grébille)

Ënnert dem Titel “Romantique avant 1850” steet dëse Concert an der Philharmonie, bei deem den Arthur Stockel, Soloklarinettist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, zesumme mam Sträichquartett “Quatuor Hanson” ze héieren ass. Den Ensembel presentéiert ënner anerem e Wierk wat och um jonke Klarinettist sengem éischten Album “Weber” ze fannen ass, deen am Januar erauskoum.

Mat um Programm ass de Klarinettequintett vum Mozart aus dem Joer 1789, dat wuel bekanntste Wierk fir dës Formatioun. De Carl Maria von Weber huet säi Klarinettequintett ronn 25 Joer méi spéit geschriwwen, an hat domat och de Virdeel, datt hien op dësem grousse Virbild vun der Kammermusiksgattung opbaue konnt. Doriwwer eraus hat d’Klarinett an deene Joren nach eemol e Sprong an der technescher Entwécklung gemaach, déi de Weber voll ausgenotzt huet, an déi déi eng oder aner weider Erausfuerderung fir d’Solo-Klarinett mat sech bréngt.

Dir kënnt dëse Concert, presentéiert vum Tanja Duprez, nach bis den 20.04.2025 hei an der Mediathéik nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Robert Schumann: Fantasiestücke op.73 (arr. Jonathan Keren)

Wolfgang A. Mozart: Klarinettenquintett KV 581

Carl Maria von Weber: Klarinettenquintett op.34

Interpreten:

  • Arthur Stockel, Klarinett

Quatuor Hanson

  • Anton Hanson, Gei
  • Jules Dessap, Gei
  • Gabrielle Lafait, Braatsch
  • Simon Dechambre, Cello