Am Alter vun 78 Joer

Déi fréier EU-Kommissärin a Fraerechterlin Emma Bonino ass gestuerwen

Iert si vun 1995 bis 1999 EU-Kommissärin fir de Konsumenteschutz war, war d'Emma Bonino d'Ausseministesch vun Italien. Si war Member vun der Partei Partito Radicale, déi radikal liberal Iddie vertrueden huet.

auto_stories

1 min

© EPA/FABIO CIMAGLIA
(Foto: EPA/FABIO CIMAGLIA)

An de 70er Joren huet d'Emma Bonino de Kampf fir d'Legaliséierung vun der Ofdreiwung an Italie gewonnen. Si selwer huet hir Geschicht ëffentlech gemaach, datt si mat 26 Joer schwanger gouf an huet missen op eng illegal Ofdreiwung zeréckgräifen. 

D'Gesondheet vun der Bonino war zënter Jore schlecht. Si hat Kriibs.

Ufank der Woch ass si wéinst Otemnout an d'Klinick ageliwwert ginn. Elo ass si am Alter vun 78 Joer gestuerwen.