Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich Baermann - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 23 - Rita Karin Meier (Klarinett), Belenus Quartett

play_arrow Live
opus

/ Léon Gloden: Gemengepolice ass e Succès

Inneminister

Léon Gloden: Gemengepolice ass e Succès

Huet d'Gemengepolice, déi vum Léon Gloden agefouert gouf, Succès? Jo, seet de Minister. Et géingen och schonn nei Gemenge ginn, déi ugeklappt hunn, an och eng Unitéit vun dëser neier Police bei sech am Asaz wëllen hunn.

auto_stories

3 min

Léon Gloden | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Lauschterenplay_arrow

Zënter Ufank Juli ass wärend engem Pilotprojet vu 6 Méint an der Stad an zu Esch eng lokal Police ënnerwee. Mëttlerweil hätten och aner Gemengen Intresse un dëser Police, esou den Inneminister am 100,7-Interview.

“Et ass jo kloer, ech hunn dat vun Ufank u gesot, et komme keng Zousazkäschte fir d’Gemengen op, mee nom Pilotprojet musse mir dann och eng Kéier d’Gesetz iwwert Police grand-ducal änneren, well dee Proximitéitsgedanken, deen ass haut jo net méi am Gesetz vun 2018 ginn. Mir mussen och der Police locale dann och eng legal Basis ginn.”

Kriddelech Quartieren ewéi d‘Stater Gare wieren elo méi sécher wéi virdrun, sou nach de Minister.

Dem Minister Léon Gloden no ass d’Police och zu honnert Prozent transparent an hire Berichter. Eng Fuerderung vun der Jugendorganisatioun vun der ADR, d'ADRenalin, och Nationalitéite vun de Stroftäter an de Policebericht ze schreiwen, fënnt de Léon Gloden iwwerdeems iwwerflësseg.

“Wann eng Strofdot gemaach gëtt, ass et menger Meenung no egal, wat eng Nationalitéit de Stroftäter ass. A fir d'Victime ass et och egal. D’Victime hätt gär, datt de Stroftäter erfaasst gëtt, an och vun der Justiz condamnéiert gëtt, peu importe sa nationalité.”

Kritik un den däitsche Grenzkontrollen

D’EU-Baussegrenze sollte kontrolléiert ginn, d’Bannegrenze sollten oppe bleiwen. Dat huet den Inneminister mat Bléck op d'Diskussioun ronderëm d'Grenzkontrollen an Däitschland gesot. Eist Nopeschland huet jo dës Woch ugefaangen, seng Grenzen nees ze kontrolléieren, och mat Lëtzebuerg. De Léon Gloden huet déi Moossnam däitlech kritiséiert.

"Et huet scho ganz vill mat der aktueller Debatt an Däitschland ze doen. Et ass en innepolitescht Theema. Si maachen do e Link tëscht Kriminalitéitsbekämpfung an Immigratiounspolitik. Ech hoffen, datt déi däitsch Autoritéiten dat juristesch suergfälteg iwwerpréift hunn."

Aktuell géif et fir Lëtzebuerg keen Ulass gi fir weider ze intervenéieren. Sollt d’Situatioun sech verschlechteren, andeem Staue sinn, da wäert de Léon Gloden intervenéieren, esou den CSV-Politiker am 100,7-Interview.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview