De 14. Oktober gëtt de Gary Diderich vun déi Lénk an der Chamber vereedegt. Hien ass zënter den 1990er Jore politesch aktiv. Dat ufanks bei déi gréng, an zënter 2009 bei déi Lénk.
Nom Rotatiounsprinzip bei deene Lénke réckelt hien zesumme mat der Ana Correira fir den David Wagner an de Marc Baum an d’Chamber no.
D'Ekippenaarbecht vun déi Lénk viruféieren
Dee Rotatiounsprinzip gëtt ëmmer nees vill diskutéiert, och parteiintern. Et ass sécherlech net ze vill behaapt wann ee seet, datt grad de Marc Baum an den David Wagner zu de prominentste Vertrieder vun déi Lénk hei am Land zielen, an d’Foussstapfen deemno grouss sinn, déi elo musse gefëllt ginn.
De Gary Diderich gesäit dat am 100,7-Interview awer net esou enk. Et wier net richteg et esou ze gesinn. Vill méi géingen hien an d’Ana Correira d’Ekippenaarbecht vun déi Lénk virféieren an eegen Accente setzen.
“Fir d’Ana a mech ass et den Usproch ze kucken, wéi kënne mir un aner Theemen nach aneschters rugoen an Akzenter setzen an dat, wat déi Lénk wëlle politesch bewierken, nach emol komplettéieren. Dat ass eisen Usproch.”
Polver nach laang net verschoss
An der rezenter Vergaangenheet hunn déi Lénk sech politesch och duerchaus mat Succès abruecht. Esou zum Beispill bei der Aschreiwung vum Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung, oder och nach bei der Propositioun de loi wat d’Plattformaarbecht ugeet.
D’Polver wier awer nach laang net verschoss. Grad beim Logement gesäit de Gary Diderich nach vill Handlungsbedarf.
“Do ass nach vill ze maache wat de Logement ugeet, de Leerstand ugeet, déi allgemeng Logementspolitik ugeet, déi Wunne rëm bezuelbar mécht.”
Iwwerdeems wéilt d’Ana Correira sech am Beräich vun der Educatioun an der Santé geziilt abréngen.
Vill Inspiratioun am Ausland
Zu Lëtzebuerg hunn déi Lénk zwee Sëtz an der Chamber a gehéieren domat zur politescher Minoritéit. Datt dat awer och aneschters ka sinn hu ganz aktuell d’Walen zu Berlin gewisen, wou die Linke op méi wéi 25 Prozent vun de Stëmme komm ass.
Dat sinn Zoustänn, vun deenen een hei zu Lëtzebuerg aktuell just dreeme kéint, gëtt och de Gary Diderich zou. Mee et si gläichzäiteg och ëmmer méi Beispiller, déi een dreemen dinn.
E weidert prominent Beispill ass de Zohran Mamdani, Buergermeeschter vun New York, deen d’lescht Joer am November d’Wale gewanne konnt. An och a Frankräich huet d’Partei ronderëm de Jean-Luc Mélanchon vill Unhänger.
Alles wier méiglech, wann een déi richteg Theeme setzt, esou de Gary Diderich. All dës Beispiller wieren eng grouss Inspiratioun fir déi Lénk hei am Land. Dat obwuel ee Mélanchon net onëmstridden ass, an och d’Elif Eralp zu Berlin vill Géigewand kritt. Die Linke wëllen zu Berlin d’Wunnenge vergesellschaften.
Walrecht fir jiddereen, deen zu Lëtzebuerg wunnt
De Gary Diderich betount awer, datt een esou Diskussiounen net eent zu eent op Lëtzebuerg iwwerdroe kéint. Zu Lëtzebuerg misst a Saache Logement als éischt mol méi ëffentlechen, respektiv bezuelbare Wunnraum geschaf ginn, an d’Loyeren encadréiert ginn.
“Ee groussen Ënnerscheed ass den Challenge fir eis par rapport zu deene Stied oder Bundeslänner, d’Walbevëlkerung. Déi, déi am meeschten ugeschwat géinge gi vun eiser Politik, hunn zum groussen Deel kee Walrecht zu Lëtzebuerg.”
Jidderee sollt also d’Walrecht hunn, deen och zu Lëtzebuerg lieft, esou de Gary Diderich. Mee net just déi wieren hiert Zilpublikum. Och op déi méi räich Gesellschaftsschichten – traditionell net d’Wielerschaft vun déi Lénk – géingen déi aktuell Präishaussen drécken.
Méi eidelstoend Wunnenge wéi ëffentlecher: "Dat kann net sinn"
Wat de Logement awer nach ugeet, esou géingen et ganz vill Moyene ginn, fir un d’Saach runzegoen, ier een op eng Expropriatioun misst zeréckgräifen, mécht de Gary Diderich kloer. Virop d’Besteierung op de Leerstand. Hie verweist op Déifferdeng, wou iwwer 600 Wunnengen eindel stinn.
“Dat si méi eidelstoend Wunnenge wéi ëffentlech Wunnengen. Dat kann net sinn.”
Wann all Instrument ausgenotzt wier, dat misst een als Gemeng kënne agräifen an eng Wunneng beispillsweis iwwerhuelen, renovéieren a verlounen, fir se dono dem Proprietär nees zeréckzeginn.
“Et geet net drëm, engem eppes fortzehuelen, mee Wunnraum soll als Wunnraum genotzt ginn a keen Hygiènesproblem fir d’Noperschaft duerstellen.”
Zouversiichtlech wat déi nächst Chamberwalen ugeet
Fir déi nächst Chamberwalen huet d’Partei dat kloert Zil, en drëtte Sëtz an der Chamber ze gewannen.
Aktuell wier een och mat Strategiediskussiounen am gaangen, seet den zukünftegen Deputéierte vun déi Lénk.
Et wéilt een och an Zukunft d’Leit mathuelen an um Terrain present sinn. Hien ass zouversiichtlech, datt wa si an deem Modus um Ball bleiwen a weider an der Ëffentlechkeet present sinn, et mam drëtte Sëtz och klappe wäert.
“Et soll een ëmmer Ambitiounen hunn. A Fir Klima- a Sozial-Froe brauche mir eng staark Lénk.”