Ceuta

EU-Memberlänner weise sech manner kritesch a méi solidaresch géintiwwer Spuenien

Beim virtuellen EU-Inneministertreffen fir iwwer d’Situatioun an der spuenescher Exklav Ceuta ze schwätzen hätten all d’Memberlänner sech solidaresch mat Spuenie gewisen. Dat sot de Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden am fréie Mëtteg géintiwwer der Press.

auto_stories

3 min

Den Inneminister Léon Gloden | © MAINT
Den Inneminister Léon Gloden (Foto: MAINT)

D’Vertrieder vun den 22 Länner, déi en oppene Bréif ënnerschriwwen haten, an deem si de spuenesche Premier Pedro Sánchez a seng Migratiounspolitik schaarf kritiséiert hunn, hätte sech haut däitlech manner kritesch gewisen.

"Schengen ass d'Léisung"

Fir de Léon Gloden géif dat weisen, datt ee bei esou Situatioune wéi d'lescht Woch zu Ceuta, net dierft iwwerreagéieren. Et wier och de Beweis, datt d’Lëtzebuerger Regierung richteg reagéiert hätt, andeems een de Bréif net mat ënnerschriwwen huet. 

Hien hätt haut och nach eng Kéier kloer gemaach, datt Lëtzebuerg sech fir de Schengenraum asetzt.

"Ech hu ganz kloer gesot nach eng Kéier, datt ech net akzeptéieren, datt Schengen all Kéiers als Geisel geholl gëtt, wann e Problem an der Immigratioun ass. Schengen ass net de Problem, Schengen ass d'Léisung."

Ausschloss vu Spuenien aus dem Schengenraum guer net méiglech

Verschidde Länner, dorënner Italien an Dänemark, hate wéinst de Virfäll zu Ceuta en temporairen Ausschloss vu Spuenien aus dem Schengenraum an d’Spill bruecht, mam Argument datt Spuenie beim Schutz vu senge Baussegrenze versot hätt an een déi eege Grenze wéilt schützen. 

Dat wier haut awer kee Sujet gewiescht, och wa verschidde Länner gesot hätten si wéilten temporär Kontrollen op de Bannegrenze maachen, esou de Léon Gloden.

"Ech hunn dat natierlech net guttgeheescht. Mee och do si falsch Informatiounen zirkuléiert. Ceuta ass net am Schengenraum. D'ailleurs kann een och kee Land aus Schengen erausgeheien."

Nach keng konkret Léisungen

Konkret Léisunge wéi een eng Situatioun wéi zu Ceuta an Zukunft kéint evitéieren, wieren haut nach net diskutéiert ginn. Een Usazpunkt dee genannt gouf, wier fir op europäeschem Niveau géint Falschinformatioune virzegoen. Dobäi kéint och déi europäesch Grenzschutzagence Frontex hëllefen, esou de Léon Gloden.

"Well eeben, wann eng Rei falsch Fakten zesummekommen, da léisst een eeben do esou eng Well vu Leit aus, déi wëllen eriwwer kommen. Well se déi falsch Hoffnung gemaach kréien, si kéinten hei e bessert Liewe féieren."

Grad ewéi de Premierminister Luc Frieden huet och de Léon Gloden nach eng Kéier betount, datt et och wichteg wier mat Drëttlänner, wéi an dem hei Fall Marokko, zesummen ze schaffe fir engem massiven Undrang u Migrante wéi deem zu Ceuta entgéintzewierken.

"Den Test gepackt"

De franséischen Inneminister Laurent Nunez sot, grad ewéi de Léon Gloden, datt Schengen wuel net de Probleem wier mee éischter d’Léisung. 

Den EU-Kommissär fir Migratiounsfroe Magnus Brunner huet no der Reunioun de Moie betount, datt d’Resilienz vun Europa op d’Prouf gestallt gi wier, mee et hätt een deen Test awer gepackt.