Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Frankräich: 3 méiglech Kandidate fir de Premierministerposten

Consultatioune fir Regierungsbildung

Frankräich: 3 méiglech Kandidate fir de Premierministerposten

De President vum Conseil economique, social et environnemental, den Thierry Beau-det, schéngt d‘Nues vir ze hu fir als neie Premier nominéiert ze ginn, dat ergeet aus enger Analys vun der franséischer Presseagence. Och an der Course ass de fréiere sozialistesche Premierminister Bernard Cazeneuve, deen de President Emmanuel Macron de Moie getraff huet. Am Nomëtteg soll hien de President vum LR vun Hauts-de-France, Xavier Bertrand gesinn.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier

Zil ass et eng Persoun ze fannen, déi net direkt vun der Majoritéit vun den Deputéierte géif censuréiert ginn. Aus deem Grond huet de Macron d‘Propos vum Wahlgewënner, Nouveau Front Populaire, fir d‘Lucie Castets ze nominéieren, jo verworf.

Frankräich fonctionéiert zënter bal 6 Woche mat enger demissionärer Regierung – ee Rekord fir eist Nopeschland.