Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Eng Persoun kënnt bei Feier an engem Appartementshaus zu Léck ëm d'Liewen

Ursaach ass nach ongekläert

Eng Persoun kënnt bei Feier an engem Appartementshaus zu Léck ëm d'Liewen

Gëschter Owend gouf et eng Explosioun an engem Wunngebai zu Léck. Duerch d‘Explosioun um zweete Stack gouf et e gréissert Feier. Eng Persoun ass dobäi ëm d‘Liewe komm, wéi d‘Police vu Léck confirméiert huet.

auto_stories

1 min

Foto: Georges Seguin

Sechs Persounen hunn Dampvergëftungen erlidden a koumen an d‘Klinik. D‘Gebai gouf ganz evakuéiert. Iwwert d‘Ursaach vun der Explosioun ass nach näischt gewosst.