Den aktuelle President vum Jugendparlament, Julien Lemmer-Veloso, huet am 100,7 Interview preziséiert, datt et net ëm déi selwecht Fro géif goe wéi am Referendum vun 2015.
Walflicht oder Walrecht: Dat ass hei d'Fro
D’Fro déi am Referendum gestallt gi wier, hätt nämlech keen Ënnerscheed tëschent engem fakultative Walrecht an enger obligatorescher Walflicht gemaach, an och net op wéi engem Niveau d’Wale sinn esou de Julien Lemmer-Veloso. D’Jugendparlament wéilt elo just e Walrecht fir Gemengewalen.
“Well mer einfach soen, déi politesch Bildung, déi ee brauch, och fir op nationalen, europäeschen Niveau kënne wielen ze goen, déi ass nach net bei deene Jonken do.”
Malta als Virbild?
An aneren europäesche Länner géif et och scho verschidde Modeller ginn, wou Persoune vu 16 Joer u kënne wiele, esou de President vum Jugendparlament.
“Verschiddener hunn et fir déi europäesch Walen, verschiddener hunn et. Fir national, europäesch a lokal. Also dat ass ganz ënnerschiddlech. An zum Beispill Malta. Do kann ee sech souguer mat 16 opstellen, fir gewielt ze ginn.”
De Julien Lemmer-Veloso hält et och fir méiglech zu Lëtzebuerg déi politesch Participatioun vu Jugendlechen ze fërderen, andeems een de Walalter rofsetzt.
“Ech erhoffe mer kloer, dass e politeschen Debat elo lancéiert gëtt an am Endeffekt idealerweis d'Parteien einfach dofir wieren an agesinn, dass mer méi politesch Participatioun brauchen.”
Jugendparlament wëll politesch Vertrieder an deem Kader treffen
De Julien Lemmer-Veloso hofft elo op Entrevue mat de politesche Vertrieder, fir datt d’Jugendparlament si mat hiren Argumenter kann iwwerzeegen. Idealerweis sollt dat och nach virun de nächste Gemengewalen 2029 geschéie, seet de President vum Jugendparlament.
D’Jugendparlament ass eng Plattform wou Jonker bis 24 Joer iwwer gesellschaftlech a politesch Themen diskutéieren. An dem Kader schaffe si och offiziell Avisen a Recommandatiounen aus.