Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Israel: Gewerkschaften hunn zum Generalstreik opgeruff

Nom Doud vu 6 weidere Geiselen

Israel: Gewerkschaften hunn zum Generalstreik opgeruff

Nodeems 6 doudeg Geiselen an der Gazasträif fonnt goufen, wiisst elo den Drock op d'Regierung vum israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu. Zu Tel Aviv an zu Jerusalem gouf et gréisser Protester.

auto_stories

1 min

Protester an Israel | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

De Protest-Streik an Israel misst awer elo direkt ophalen, dat hält een Aarbechtsgeriicht zu Tel Aviv fest. D'Argument wier, datt et ee politesche Streik wier an et keng ekonomesch Justifikatioun dofir géif ginn. 

De Gewerkschafts-Daachverband hat am Fong de ganzen Dag laang ee Stëllstand an Israel geplangt. Zil ass et, den Drock op de Regierungschef Benjamin Netanjahu ze verschäerfen, fir datt hien en Deal mat der Hamas mécht fir d‘Geiselen, déi nach an der Gewalt vun der islamistescher Terrororganisatioun sinn, fräizekréien. 

Dem US-President no, géif de Benjamin Netanjahu net genuch maachen, fir zu engem Accord mat der Hamas ze kommen. Dat sot de Joe Biden virun der Press.