Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Johannes Brahms - Scherzo an Do Mineur aus der "F. A. E-Sonat", WoO 2 - Catherine Manoukian (Gei), Gunilla Süssmann (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuergesch als EU-Sprooch: Keng “absolut Prioritéit” vun der Regierung

LËTZEBUERGER SPROOCH

Lëtzebuergesch als EU-Sprooch: Keng “absolut Prioritéit” vun der Regierung

D’Lëtzebuerger Regierung huet net direkt Wëlles, Schrëtt ze ënnerhuelen, fir dat d’Lëtzebuerger Sprooch an der EU offiziell unerkannt gëtt. Esou reagéiert de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet op eng Demande vum ADR Europadeputéierte Fernand Kartheiser.

auto_stories

3 min

© SIP / Frédéric Sierakowski
Foto: European Union

De Premier Luc Frieden sot, et wier doriwwer nach net am Regierungsrot diskutéiert ginn, hien hätt dee Punkt bis elo net op den Ordre du jour gesat, wëll et senger Meenung no “aner wichteg Froe gëtt, iwwert déi d’Regierung schwätze muss”.  

Luc Frieden: Et ass wichteg, datt ee verstane gëtt

De Fernand Kartheiser erwaart sech vun der Regierung, datt si eng entspriechend Demande an der EU mécht.

De Lëtzebuerger Premier sot dozou als éischt, “datt ech als Regierungschef selbstverständlech der Lëtzebuerger Sprooch ganz verbonne sinn.”

Hie wier awer der Meenung, datt ee sollt eng Sprooch schwätzen, déi déi aner Leit och verstinn.

"Duerfir war ech perséinlech ëmmer ganz retizent, fir dozou ze plädéieren, datt een enger Europäescher Institutioun géing Lëtzebuergesch schwätzen."

Fernand Kartheiser op laanger Lëscht vu Leit, déi mam Premier schwätze wëllen

D’Demande vum ADR-Europadeputéierten, datt d’Regierung soll op deem Gebitt aktiv ginn, sollt an den Ae vu Premier net zu enger vir oder géint d’Lëtzebuerger Sprooch gemaach ginn.

"Ech mengen, wa mer Lëtzebuergesch schwätzen a mir ginn net gehéiert, mir ginn net verstanen, dann huet et eis net vill bruecht."

Ob d’Regierung sech wäert mat där Demande vum Fernand Kartheiser befaassen, ass net kloer. Et hätt keng “absolut Prioritéit an de nächsten Deeg”, sou de Luc Frieden.

"Den Här Kartheiser steet op enger laanger Lëscht vu Leit, déi gefrot hunn, mat mir ze schwätzen. Ech hunn dat gesinn. A selbstverständlech wäert ech, wann ech Zäit hunn, och mam Här Kartheiser, deen e gewielte Member vum Europaparlament ass respektvoll iwwert déi Fro do och schwätzen."

Den ADR-Politiker hat déi lescht Woch annoncéiert, hie géing eng, a sengen Aen “pragmatesch Léisung” proposéieren. Déi bestéing doran, am Parlament op Lëtzebuergesch ze schwätzen an an engems den Dolmetscher eng eegen Iwwersetzung anzereechen, séi si da virliese kënnen.

Pragmatesch Léisung verstéisst géint Reegele vum EU-Parlament

Hien hat och annoncéiert hie géing déi nächst Woch eng Interventioun am Europaparlament op Lëtzebuergesch maachen, fir ze testen, wéi d’Parlament géing reagéieren.

De Reegele vum Parlament no dierfen d’Dolmetscher just Interventiounen aus enger vun de 24 offiziellen EU-Sproochen iwwersetzen. Lëtzebuergesch gehéiert do net dozou. Dowéinst ass dovun auszegoen, datt de Fernand Kartheiser direkt d’Wuert ofgeholl kritt, soubal hien ufänkt, op Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Demande vu Spuenie kee Modell fir Lëtzebuerg

Zanter zwee Joer leeft an der EU eng Demande vu Spuenien, dräi regional Sproochen offiziell unzeerkennen - si gouf net verworf, hat awer bis elo och kee Succès. D’Land huet esou guer proposéiert, selwer d’Käschten dofir ze iwwerhuelen. Wier dat ee Modell fir Lëtzebuerg?

De Premier ass do kloer: “Ech fannen dat keng gutt Iddi”

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft