Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerg hëlt preventiv Mesuren

Schwéngspescht 

Lëtzebuerg hëlt preventiv Mesuren

Nodeems de Virus vun der Schwéngspescht sech an Däitschland bei wëllen a geziichte Schwäi verbreet huet, féiert Lëtzebuerg preventiv Mesuren an, dat deelen d’Ministère fir Landwirtschaft an Ëmwelt mat.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler

Si haten d‘Taskforce iwwert d‘Schwéngspescht zesummegeruff fir preventiv Mesuren ze decidéieren, fir dass de Virus sech net weiderverbreet. Ënner anerem gi rëm, fir 6 Méint, Primmen agefouert bei der Juegd, wa Jeeër kléng wëll Schwäi schéissen. Eng Impfung géint d‘Schwéngspescht gëtt et net. De Virus ass net geféierlech fir de Mënsch, och net, wann e contaminéiert Fleesch ësst.