Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Wolfgang Amadeus Mozart (arr. François-Joseph Naderman) - Variatiounen iwwert een Theema aus "Figaros Hochzeit" - Duo Praxedis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Mediathéik

Mediathéik

/ Op de Spuere vum Carmen

Eng musikalesch Rees duerch Spuenien a Südfrankräich

Op de Spuere vum Carmen

D'Oper Carmen begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, ma och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

auto_stories

2 min

headphones

122 min

Asya Fateyeva | © Marco Borggreve play_arrow
Asya Fateyeva (Foto: Marco Borggreve)

Nieft dem Georges Bizet senge Carmen Suitten No.1 an 2, déi déi tragesch Geschicht vun der Léift tëscht dem jonken Zaldot Don José an der attraktiver, selbstbewosster Carmen erzielt, sti bei dësem Concert och gefeiert Orchesterwierker wéi dem Maurice Ravel säi Bolero um Programm. An dësem Wierk, dat duerch d'Stilmëttel vun der Repetitioun gepräägt ass, gëtt d'Rhythmusmotiv am Ganzen 169 Mol widderholl. Do dernieft ginn et och méi modern Kläng, bei deenen de Saxophon an de Vierdergrond réckelt: dat eemol mam Henri Tomasi sengem Saxophon Concerto an der franséischer Komponistin Paule Maurice hiert Wierk "Tableaux de Provence", bei dem si d'Kultur an d'Landschafte vun der südfranséischer Regioun klanglech duerstellt. 


De Saxophon Part gëtt hei vum Asya Fateyava iwwerholl, enger Artist in Residence vum Schleswig-Holstein Musikfestival 2024. Et ass dann och de Schleswig-Holstein Festivalorchester, dee sech aus 80 jonke Museker aus aller Welt zesummesetzt, dee mam Duncan Ward als Dirigent dëse südeuropäesch ugehauchte Programm interpretéiert. Dëse Live-Matschnëtt gouf vum Norddeutschen Rundfunk am Theater zu Itzehoe opgeholl.

Programm:

Georges Bizet (1838-1875): Carmen Suite Nr.2
Henri Tomasi (1901-1971): Saxophon Concerto
Paule Maurice (1910-1967): Tableaux de Provence
Georges Bizet (1838-1875): Carmen Suite Nr.1
Maurice Ravel (1875-1937): Bolero

Interpreten:

Asya Fateyeva, Saxophon
Schleswig-Holstein Festivalorchester
Duncan Ward, Direktioun

Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis de 4. Mee 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.

Lauschterenplay_arrow