Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Coldplay (arr. Marco Netzband) - Viva la Vida, aus 'Suits' - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Schwéier Iwwerschwemmungen a Frankräich: Ee Mann ass ëm d‘Liewe komm

No villem Reen

Schwéier Iwwerschwemmungen a Frankräich: Ee Mann ass ëm d‘Liewe komm

Am Centre-Est vum Frankräich huet et gëschter exzeptionell vill gereent. Schwéier Iwwerschwemmunge sinn d‘Resultat. Ënner anerem d‘Auvergne, mee och zum Beispill d‘Regioun Rhones-Alpes kämpfe mat Héichwaasser.

auto_stories

1 min

En Deel vun der Populatioun gouf evakuéiert. Autobunnen an Zuchstrecke si gespaart. Schoule bleiwe wéinst dem ville Waasser zou. 

Och d‘Haaptstad Paräis ass betraff. Gëschter Owend ass do e Mann ëm d‘Liewe komm, wéi e Bam op hie gefall ass.