Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Nordkorea nennt Südkorea an neier Verfassung „feindleche Staat“

Asien

Nordkorea nennt Südkorea an neier Verfassung „feindleche Staat“

Nordkorea nennt Südkorea an enger iwwerschaffter Versioun vun der Verfassung elo offiziell als „feindleche Staat“. Dat mellt déi staatlech Noriichtenagence KCNA.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Mikhail Metzel Kremlin Pool
Foto: picture alliance / Russian Look | Mikhail Metzel Kremlin Pool

D‘Verfassungsännerung gouf schonn d‘lescht Woch vum nordkoreanesche Parlament decidéiert. De Staatschef Kim Jong Un hat Enn zejoert gefuerdert, datt Südkorea als Haaptfeind an der Verfassung verankert gëtt.

A rezenten Aussoe vum Kim Jong Un ass däitlech ginn, datt hien sech vun der Iddi vun enger Reunifikatioun distanzéiert an een Zwee-Staate-System ustrieft.