Radioen

On air

De barocke Moien  |  Gaetano Donizetti - Concertino fir Klarinett a Si bémol Majeur, II. Allegretto - Eduard Brunner (Klarinett), Münchener Kammerorchester, Hans Stadlmair (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Aarmut weltwäit: Eng Milliarde Mënschen an akuter Aarmut

Vereent Natiounen

Aarmut weltwäit: Eng Milliarde Mënschen an akuter Aarmut

Den Entwécklungsprogramm vun den Vereenten Natioune schléit Alarm: Iwwer eng Milliard Mënsche géifen an akuter Aarmut liewen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Winfried Rothermel | Winfried Rothermel

An dem Joresrapport warnt den UNDP zesumme mam Oxford Initiative on Poverty and Human Development virun allem virum dräi mol sou héijen Aarmutstaux a Länner, an deenen aktuell Krich ass.

Béid Institutioune berechnen zanter 2010 de Weltaarmutsindex. Dofir ginn Donnéeë vun 112 Länner an 6,3 Milliarde Mënsche gesammelt. Den Index ëmfaasst Indicateure wéi Manktem u Wunnengen, Ofwaassersystem, Stroum, Liewensmëttel an de Schoulsystem.