Dem Wolfgang Amadeus Mozart seng Sinfonie Nr. 41 an Do majeur gouf net vum Komponist selwer “Jupitersinfonie” genannt. D'Sinfonie krut deen Ënnertitel nodréiglech. Wéi et dozou koum a virun allem firwat d'Sinfonie mat gëttleche Gréisste verglach gëtt, dat erkläert d'Marie Trussart dem Lex Kauffmann am Häerzstéck vun dëser Woch.
Eng gëttlech Sinfonie
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Déi komesch Ticke vum Anton Bruckner
Deen éisträichesche Komponist hat eng Obsessioun mat Wagner, mam Doud a mat den Zuelen.
"La Nuit et l’Amour" vun der Augusta Holmès
Gefillvoll, wagnerianesch, feminin
Dem Respighi seng Villercher
D'Suite fir klengen Orchester Gli uccelli zitt seng Inspiratioun aus der Barocker Traditioun fir déi musekalesch Duerstellung vun europäesche Villercher.
Saint-Saëns: Cello Concerto Nr. 1
E relativ kuerzt Wierk an engem Goss, dat de Solist exposéiert a virtuos fuerdert.
De Wagner Fan Boy
Den Anton Bruckner war e richtege Fan vum Richard Wagner. Wéi wäit seng Veréierung gaangen ass, dat fannt Dir am Häerzstéck vun dëser Woch eraus!
Eng gëttlech Sinfonie
D'Sinfonie Nr. 41 an Do majeur, KV 551 gouf nodréiglech Jupitersinfonie betitelt. Mee firwat eigentlech?
Nostalgie an Zäite vum Krich
De 7. Januar 1899, also haut virun 127 Joer ass de Francis Poulenc op d’Welt komm. Säi Stéck fir Piano Mélancholie ass eist Häerzstéck vun dëser Woch.
Och de Brahms war heiansdo veronséchert
Säi Concerto Op.77 ass de Gipfel vun der Geieliteratur. Mee laut verschidde Virtuose senger Zäit, anscheinend onspillbar an ouni Melodie.
Séiss Melodië mat engem batteren Hannergeschmaach
Dem Tschaikowsky säi Nussknacker gehéiert zum typpesche Chrëschtrepertoire. Wat déi meescht net wëssen: Am Hannergrond vu senger Entsteeung ass vill Drama passéiert.
Dem Tschaikowski seng Variatiounen iwwer ee Rokoko-Theema
E Wierk, dat voller fréi-klassescher Eleganz ass, wéi aus den Zäite vum Mozart - an awer komponéiert ass vum grousse Romantiker Tschaikowski!
Dem Mozart säin eenzege Concerto fir Harf
Am 18. Joerhonnert war d'Harf nach kee feste Bestanddeel vum Orchester, an definitiv kee bekannte Solisteninstrument. Genee dat huet de Mozart awer erméiglecht.
Schubert: de Mythos "Unvollendete"
Eng Sinfonie an nëmmen 2 Sätz. Skizze fir en drëtte Saz, e Scherzo, gëtt et. Firwat ass et awer fir ëmmer bei der "Unvollendeter" bliwwen?
Déi 4. Sinfonie vum Beethoven
Et gëtt e Klischee iwwer de Ludwig van Beethoven als granzegen, motzegen, ongedëllege Mënsch, dee schwéier, dramatesch Musek geschriwwen huet. Mee de Komponist huet och aner Säiten
Beethoven: Concerto, op.61
E Concerto fir Gei, mee mat 4 ikonesche Schléi op de Pauken
Dies irae, dies illa
Eng Kéier queesch duerch d'Museksgeschicht mat där Melodie déi wuel am heefegsten direkt oder indirekt zitéiert gëtt.
Poulenc: Concerto fir 2 Pianoen
Mol neo-klassesch, mol méi modern, mol typesch franséisch am Klang: op jidde Fall kontrasträich
D'Sinfonie Nr.6 a Mi Majeur vun der Emilie Mayer
Zu hire Liewzäiten hat si en immense Succes, no hirem Dout ass si a Vergiessenheet geroden.
Bittersweet: dem Tschaikowski seng “Pathétique”
Dem Tschaikowski seng 6. Sinfonie “Pathétique” ass e Meescherwierk voller Emotiounen.
Concerto fir Flütt vum Jacques Ibert
Technesch Brillanz, lyresch Melodien a verspillten Energie
Firwat net Sinfonie?
De Béla Bartók schreift 1943 e Concerto fir Orchester.
- 1
- 2