Méi wéi 180 Sänger stinn dëse Weekend zesummen op der Bün vum Mierscher Theater an interpretéieren déi schéinste Melodië vum Opererepertoire. Vun den hellen, stralende Kannerstëmmen iwwer energievoll a kräfteg Stëmme vun de Jugendlechen a jonken Erwuessene bis zu den déiwe, waarme Männerstëmmen ass hei all Klangfaarf vertrueden, an zesumme mam Proffenorchester vum Stater Conservatoire, ënner der Leedung vum Marc Meyers, loosse si wärend zwou Stonnen d'Magie vum Chouergesang opliewen.
D'Sylvie Serra, déi zanter iwwer 30 Joer de Chouergesang am Stater Conservatoire enseignéiert, huet sech mat eis iwwer dëse Concert ënnerhalen.