Trollen, donkel Bëscher a vill Fantasie: Den 20. bis den 22. Oktober ass am CAPE den Erzielconcert "Peer Gynt - Geschichten iwwer Geschichten" fir Kanner vun 2 bis 5 Joer ze erliewen. Kanner léieren hei de Peer kennen, deen aus allem, wat him begéint, eng Geschicht mécht an och gären emol flunkert. De Projet gouf vun der Joëlle Wiseler realiséiert a kombinéiert Erzielung, Musek vun engem Saxophonsquartett, Danz, a Film. Fir den Danz an déi choreographesch Elementer ass d'Annick Pütz zoustänneg. D'Oceana Kaell huet d'Kënschtler:innen an enger Prouf begleet a mat der Joëlle Wiseler an der Annick Pütz iwwer d'Realisatioun an d'Konzept vum Projet geschwat.
Weider Informatiounen iwwer d'Virstellunge sinn ze fannen op cape.lu.