Ee Concert am Zeeche vum Mozart senger Frëndschaft mat den Haydn-Bridder

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D’Joer 2026 markéiert den 270. Anniversaire vum villäicht berüümtste Komponist aus der klassescher Musek: dem Wolfgang Amadeus Mozart. An deem Kader fënnt den 22. November zu Dikrech de Concert “Mozart and friends” statt. Op der Bün sti Museker vun de Luxembourg Chamber Players an dem Ensembel Lux Vocalis. De Flüttist an Dirigent Thomas Raoult erkläert, datt hien awer net einfach een Hommage-Concert mat Mozart-Stécker maache wollt.

"Je me suis intéressé en fait à ce qui était la vie sociale et musicale de Mozart, notamment son amitié avec les frères Haydn, et à parler un peu de son rayonnement européen. Donc, c'était d'aller un peu plus loin dans ce que pouvait être la vie de Mozart à l'époque."

D’Iddi ass also, dem Mozart säi soziaalt Ëmfeld, a méi genee gesot, d’Frëndschaft tëschent dem Mozart an de Bridder Joseph a Michael Haydn ënner d’Lupp ze huelen. Mee wat fir eng Relatioun haten déi dräi Komponisten da genee?

"Il faut savoir que Mozart était un très très grand ami de Joseph Haydn, qu'il appelait Papa. Donc Joseph Haydn avait déjà repéré Mozart quand il était très jeune, il avait été assez impressionné par son talent, ils se sont partagé des compositions, ils parlaient beaucoup de musique et ils jouaient aussi ensemble, notamment en quatuor. Et pour ce qui est de Michael Haydn, en fait Mozart avait rencontré Michael Haydn dans sa jeunesse, et pareil, ils s'appréciaient énormément."

Déi dräi waren also gutt Frënn, sou den Thomas Raoult. Op musikaleschem Niveau géing een dee Lien virun allem tëschent der Musek vum Mozart a vum Michael Haydn fannen, wou et Änlechkeete ginn. De Joseph Haydn hätt am Verglach ee méi perséinleche Stil gehat. D’Musek vun deenen dräi Komponisten, déi een am Concert e Sonnden erliewe kann ass zimmlech divers. Obwuel de Concert an enger Kierch stattfënnt, steet bei Wäitem net just kierchlech Musek um Programm.

"L'idée était de faire une sorte de panorama global de ce que pouvait être la musique à Vienne et en Europe, parce qu'il faut savoir que ce sont des musiciens qui voyageaient beaucoup à cette période-là. Donc on a vraiment le rayonnement de la musique viennoise, que ce soit par la musique de chambre, par l'opéra et évidemment par la musique religieuse."

Eng Panoplie u Musek aus dem Liewen zu Wien vun där Zäit ass programméiert, sou den Dirigent a Flüttist Thomas Raoult – vu Kammermusek iwwer Oper bis zu reliéiser Musek. Den Thomas Raoult steet dobäi souwuel hanner dem Dirigentepult wéi och als Flüttist op der Bün. Hie wollt nämlech och emol selwer mat de Museker vu sengem Ensembel “Luxembourg Chamber Players” zesummespillen. Dat wier nämlech dach ëmmer eppes anescht wéi d’Museker ze dirigéieren. An déi Freed um Zesummespill ass dem Thomas Raoult och nom éischte “Mozart and friends”-Concert am Gediechtnes bliwwen. De Programm ronderëm de Mozart an d’Haydn-Bridder gouf nämlech schonn de 15. November an der Stad opgefouert.

"Ce que j'ai retenu, c'est justement ce plaisir qu'on a eu de jouer ensemble, et ça c'était vraiment très fort. C'est-à-dire qu'on est sorti du côté, on va dire, protocolaire du chef qui dirige la chorale et puis on enchaîne le concert et cetera. C'est très très vivant en fait, c'est-à-dire que ça bouge tout le temps. On commence par un quatuor, ensuite on a le chœur féminin, ensuite on joue le trio de Haydn et puis les hommes entrent et puis on termine avec les deux dernières pièces, avec le chœur tout entier. C'est un concert qui est très vif, très actif."

Ee ganz beweegende Concert erwaart de Public also, sou den Dirigent a Flüttist Thomas Raoult – ee Concert, deen ni statesch ass. Wien dës vill verschidde Stiler mat der Musek vum Wolfgang Amadeus Mozart, Joseph Haydn a Michael Haydn live entdecke wëll, dee kann dat e Sonnden, den 22. November. De Rendez-vous fir “Mozart and friends” ass um 16h00 Auer an der Eglise St Laurent zu Dikrech.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Ee Concert am Zeeche vum Mozart senger Frëndschaft mat den Haydn-Bridder | © Emile Mentz

Ee Concert am Zeeche vum Mozart senger Frëndschaft mat den Haydn-Bridder

Divers Stécker vum Wolfgang Amadeus Mozart, Joseph Haydn a Michael Haydn sti fir "Mozart and friends" um Programm - dräi Komponisten, déi gutt Frënn waren.
headphones

5 min

play_arrow
"Baroque, Bellows, and Beyond": mam Akkordeon duerch d'Epochen | © Unsplash/Mohsen Taheri

"Baroque, Bellows, and Beyond": mam Akkordeon duerch d'Epochen

Wéi kléngt Barockmusek mat engem Akkordeon? Dat probéieren dräi Lëtzebuerger Museker den 23. November an der Philharmonie eraus ze fannen.
headphones

4 min

play_arrow
Thermos - eng Uropféierung vum Komponist Roland Wiltgen | © Opus/Michèle Liesch

Thermos - eng Uropféierung vum Komponist Roland Wiltgen

Bei de Rainy Days gëtt et dësen Donneschden Owend Musek aus Lëtzebuerger Fieder fir eng alleréischte Kéier ze héieren. Thermos ass eng Commande vum Lëtzebuerger Kulturministère.
headphones

4 min

play_arrow
Uropféierunge vum Claude Lenners

Uropféierunge vum Claude Lenners

Um leschte Concert vun "Odo Sonoritas" ginn exklusiv nei Wierker vum C. Lenners uropgeféiert. Dorënner d'Haaptwierk "Stein", mat Text vum Festival-Grënner Christophe Unkelhäusser.
headphones

6 min

play_arrow
Lucilin Records - neie Lëtzebuerger Label mat éischtem Album "Territoires" | © Jo Diseviscourt/ Radio 100,7

Lucilin Records - neie Lëtzebuerger Label mat éischtem Album "Territoires"

Ganz rezent ass deen neie Label "Lucilin Records" gegrënnt ginn; eng Initiativ vum Ensembel fir zäitgenëssesch Musek "United Instruments of Lucilin".
headphones

24 min

play_arrow
Musek nom Enn vun der Welt | © Ensemble Recherche

Musek nom Enn vun der Welt

Dem Nik Bohnenberger seng nei Kompositioun "Embers" gëtt um Rainy Days Festival 2026 uropgeféiert.
headphones

5 min

play_arrow
En Interlude mat der Rebecca Clarke | © Public Domain

En Interlude mat der Rebecca Clarke

De "Salon de Helen Buchholtz" feiert dëst Joer den 140. Gebuertsdag vun der Rebecca Clarke. En Interlude bis zum 150. Gebuertsdag vun der Helen Buchholtz
headphones

5 min

play_arrow
Youth Meets Classic: Flütt, Piano a Klarinett um Uespelter Schlass | © Quell: www.frisange.lu /www.gieres.lu Youth Meets Classic 2026

Youth Meets Classic: Flütt, Piano a Klarinett um Uespelter Schlass

Dëse Samschden, de 14. November, kann een ab 19 Auer owes um Uespelter Schlass d'Concertsformat "Youth Meets Classic" entdecken. Mee wat verstoppt sech hanner dem Konzept?
headphones

5 min

play_arrow
Familljeconcert: "Les fous de Vianden" | © Jeaneves/Pixabay

Familljeconcert: "Les fous de Vianden"

Wann een u Fuesent denkt, dann denkt ee virun allem u Masken a Kostümer, awer vläicht net direkt u klassesch Musek. Do hu mir awer elo e Concert fir iech!
headphones

4 min

play_arrow
Heemspill vun den Duke's Singers | © Laurent Sturm

Heemspill vun den Duke's Singers

Am Kader vum Cycle "Heemspill" trëtt de Vokalensembel The Duke's Singers de 14. November an der Philharmonie op.
headphones

4 min

play_arrow
"Zwischen großer Lebendigkeit und meditativer Ruhe" | © Pixabay

"Zwischen großer Lebendigkeit und meditativer Ruhe"

Am Kader vun de Music Days Vianden fënnt den 30. Oktober e Concert statt, deen d’Stëmmung vun der Zäit ëm den Hierscht musikalesch opgräift: “Musiques funèbres”.
headphones

5 min

play_arrow
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass | © Elliot Kontz

Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass

D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
headphones

4 min

play_arrow
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival | © Michelle Liesch/Opus

Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival

De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
headphones

5 min

play_arrow
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie | © Véronique Kolber

Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie

De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
headphones

6 min

play_arrow
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht | © Quintette Magnifica

Blechbléiser treffen op Gesangskonscht

De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.
headphones

4 min

play_arrow
Klaidi Sahatçi a Christoph König: eng musikalesch Frëndschaft | © Park Daejoon Photography

Klaidi Sahatçi a Christoph König: eng musikalesch Frëndschaft

E Konzertmeeschter an e Chefdirigent maache Kammermusek
headphones

4 min

play_arrow
Spiller mat Wierder a mat Hänn am Conservatoire | © Conservatoire Ville de Luxembourg

Spiller mat Wierder a mat Hänn am Conservatoire

E Concert mat 3 Pianistinnen, engem Pianist an zwou Schauspillerinnen
headphones

4 min

play_arrow
"Wir haben noch nie in dieser Kombination Kammermusik gespielt." | © Pixabay

"Wir haben noch nie in dieser Kombination Kammermusik gespielt."

Mat "Jeux de timbres" spillen d'Kammerata Luxembourg um Buerglënster Festival ee Concert, an deem si Flütt, Cor anglais a Gittar matenee kombinéieren.
headphones

5 min

play_arrow
Rising Stars: Concert des Lauréats vum Stater Conservatoire | © Hilary Scott

Rising Stars: Concert des Lauréats vum Stater Conservatoire

Véier jonk Laureaten aus dem Stater Conservatoire stinn zesumme mam OCL op der Bün. Als Gaaschtdirigentin ass déi polnesch Dirigentin Agata Zajac invitéiert.
headphones

6 min

play_arrow
"Peer Gynt": Erzielconcert fir Kanner am CAPE | © Oceana Kaell/Opus

"Peer Gynt": Erzielconcert fir Kanner am CAPE

An enger Produktioun vun der Joëlle Wiseler begéine Kanner vun 2 bis 5 Joer dem Peer Gynt, deen a senge Geschichte gären emol flunkert ...
headphones

7 min

play_arrow