De Buerglënster Museksfestival feiert dëst Joer seng 45. Editioun a mat dobäi ass och d'Kammerata Luxembourg. Dëse Sonndeg, de 25. Oktober, kritt een um 17 Auer ee breede Mix mat besonneschen Detailer gebueden, wéi een et vu Kammerata gewinnt ass, sou de Flüttist Markus Brönnimann.
Wolfgang Amadeus Mozart, Luigi Boccherini, György Kurtag a Mario Castelnuovo-Tedesco sinn um Programm ze fannen. Ween an der Klassik e bësse suedelfest ass, mierkt datt déi véier net zesummen an eng Klass gaange sinn. Kee Wonner, schliisslech schwätze mer hei vun direkt dräi verschiddene Joerhonnerten, an deenen se gelieft hunn.
Spannend ass och d’Instrumentekonstellatioun, déi zesummekënnt. Sträicher, Flütt, Cor anglais a Gittar.
De Markus Brönnimann verréit dem Lex Kauffmann am Gespréich, op wat ee bei esou enger Programmatioun musikalesch oppasse muss a wéi een esou och d'Leit fir de Concertssall begeeschtere kann.