De Film “Downtown Abbey” ass mat senger grousser Finall fuschnei an de Kino komm. An dat mat engem Soundtrack tëschent Klassik a Pop, déi vum bekannte Komponist John Lunn kënnt. Net fir näischt krut hien zweemol de Primetime Emmy Award.
Ouni ze vill vum Film ze verroden, déi nei Musek ass kräfteg, orchestral a gesanglech, wann een de Kritiker gleeft. An tatsächlech huet sech de John Lunn vill mat Musek vu Komponisten aus dem 20. Joerhonnert beschäftegt, fir esou seng eege Klangsprooch virun allem als Filmkomponist ze fannen.