Ufank 2025, kuerz no senger Wal, huet den aktuellen US-President Donald Trump de Virstand vum Kulturzenter iwwerholl a sech selwer als Virstand agedroen. Virun engem gudde Mount gouf bekannt, datt de Kulturzentrum an Trump-Kennedy Center soll ëmbenannt ginn.
Zënter der neier Saison un huet de Virstand ënner dem Donald Trump dann och entscheet, datt déi amerikanesch Nationalhymn virun all Concert gespillt muss ginn. Dëst souguer deels, éier d’Instrumenter iwwerhaapt mol gestëmmt ginn, mellt Pizzicato.lu