Viru knapp annerhallwer Woch hu mir am Harmonesche Moien iwwer d’Participatioun vun der Fanfare Bouneweg bei der Weltmeeschterschaft vun de Museke bericht, dem World Music Contest zu Kerkrade an Holland. Mat iwwer 300.000 Visiteuren an 20.000 Museker:inne weltwäit dee gréissten a senger Form.
Leschte Samschdeg, den 18. Juli, ass d’Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie fir déi mëttlerweil véierte Kéier ugetrueden, ënner der Leedung vun hirem Dirigent Romain Kerschen. Mat musikaleschem Material vu 40 Minutten an och enger Kompositioun vum Lëtzebuerger Komponist Georges Sadeler mam Numm “Stellarium” huet de Jury zu Kerkrade der Fanfare hir Leeschtung mat 85,53 Punkte bewäert. Domat huet d’Fanfare Bouneweg et an der héchster Divisioun op eng 16. Plaz gepackt, inklusiv der Auszeechnung mat enger Goldmedail.
An engem Schreiwes, dat eis virläit, weist sech de François Benoy, President vun der Bouneweger Musek, stolz a seet hie wier immens houfreg op déi 68 Musikerinnen a Museker. “D’Aarbecht an d’Disziplin, déi si an de leschte Méint an dëse Projet gestach hunn, ass remarkabel“, esou de President weider.
An och den Dirigent Romain Kerschen ass voll a ganz zefridden: “Vun der éischter bis zur leschter Sekonn war d'Konzentratioun ze spieren an de Wëlle vun all eenzelen den eegene Maximum ze ginn – genee dat huet dësen Optrëtt esou speziell gemaach.“
Am Kontext vun de Preparatiounen op dës exceptionell Méiglechkeet hu mir vum Opus d'Bouneweger Fanfare bei de Preparatioune besicht. Dëse Reportage fannt Dir natierlech um Site an an der Opus-App.
An dësen Donneschdeg gi mir dann och bei d’Monnerecher Musek luussen, déi kommende Sonndeg zu Kerkrade als zweet Lëtzebuerger Musek untrieden.