Den Album ass een Dreiergespann aus Schumann, Brahms a Wagner. Et ass eng Sammlung u Lieder, awer ouni Gesang! Wat paradox kléngt, ass ee ganz bewosste Choix vun däitsche Lieder, déi de Raphaël Sévère selwer arrangéiert huet fir Klarinett a Piano.
Een Album mat ville flotten Detailer, deen de Jeremy Ney am Harmonesche Moien presentéiert.