Dësen Album ass eng Liebesgeschicht, eng déi schonn op platonesch Manéier ugefaangen huet tëscht der Sängerin Julie Roset an der Pianistin Susan Manoff. Vum Moment u wou déi zwou Fraen sech kenne geléiert hunn, hunn si gewosst datt si zesumme schaffe wéilten, an d’Pianistin nennt et souguer ee “Coup de foudre”, also et kann een definitiv vun ener immenser Verbonnenheet schwätzen.
Och de Programm vum Album ass voller Libeserklärungen. Déi gréisst ass "Je t'aime" vun der Isabelle Aboulker, e Wierk bei deem d'Julie Roset beweist datt hir Stëmm glaskloer a voller Magie ass.