Radioen

On air

Notturno  |  Franz Schubert - Terzett 'Der Hochzeitsbraten', D.930 - Elly Ameling (Sopr.), Janet Baker (M-Sopr.), Peter Schreier (Ten), Gerald Moore (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

SEL & Nelson Freire - Philharmonie 30.1.2017

Den nächste Concert vun den Solistes Européens, Luxembourg ass den 30. Januar 2017 an der Philharmonie.

Den Emil Kreuz - eng Entdeckung

Ee Quintett fir Cor a Sträicher vum däitsche Komponist steet um Programm vun engem Concert e Sonndeg (29.1.2017) an der Philharmonie.
E Living an Amerika

E Living an Amerika

Eng Satire mat Musek vum Georges Urwald

"Ech wäert net roueg bleiwen!"

E Wierk vum amerikanesche Komponist Bruce Adolphe, dat duerch d’Entwécklungen an den USA un Aktualitéit gewonnen huet.

Een international renomméierten Bassist

Den Albert Wieder ass Solist an engem Concert (27.1.2017) vun der Brass Band vum Escher Conservatoire.
175 Joer Militärmusek

175 Joer Militärmusek

Muer den Owend (25.1.2017) ass den Ouverturesconcert vum Jubiläumsjoer.

Vu Sakralmusek bis bei Jazz

De 17. Februar start de Klenge Maarnicher Festival a seng 31. Saison.

Richard Wagner et le wagnérisme en France

De Richard Wagner Verband Tréier-Lëtzebuerg organiséiert e Concert an der Philharmonie.

Den OPL zu Wien

E Freideg huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg am Konzerthaus gespillt.

Organist, Pianist, Dirigent a Produzent

De Wayne Marshall kennt an d’Philharmonie.

"Den Cello sengt mat mir”

D'Sopranistin Ursula Thies steet am Kader vum Concert "Les enseignants sur scène" zu Iechternach am Trifolion mat hirer Trio-Formatioun op der Bühn.

"Mir si quasi zesummen opgewuess"

De Jerusalem Quartett: Aus véier Frënn ass eng vun deene weltbeschte Formatioune ginn.

"Inventions"

De Bléiserquintett "pentaTon" spillt e Sonndeg (22.1.2017) am CAPE zu Ettelbréck.

Reesen duerch d'Zäit

D'Geiistin Chouchane Siranossian ass an alle Répertoiren doheem.

"D'Wierk huet sech weiderentwéckelt"

De Gustavo Gimeno an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spille "Le Sacre du Printemps" an der Philharmonie an am Konzerthaus zu Wien.

"Zu London ass alles méiglech"

De Sir Simon Rattle kënnt mam London Symphony Orchestra an d'Philharmonie.

Op der Sich no flotte Klangkombinatiounen

Den Alliage Quintett mécht dem Saxophon nei Dieren op.

Den Jerusalem Quartett

Ee Quartett, deen net nëmmen duerch seng Musek an de Medien ass.

"Alles klingt jetzt gleich"

D'Klarinettistin Sabine Meyer iwwert den internationaliséierte Klang, déi historesch Opféierungspraxis an d'Pedagogie

Mozartante

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg fiert weider mat senger Exploratioun vum Mozart senger Musek am Ëmfeld vu sengen Zäitgenossen.