"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.

Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.

Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

"Die Kunst der Fuge ist ein großes Kunstwerk"

Den Armida-Quartett spillt dem Bach säi Meeschterwierk an der Philharmonie (8.2.2107).

Maria João Pires an der Philharmonie

D'Pianistin spillt de Concerto fir Piano n.23, vum Wolfgang Amadeus Mozart, an der Philharmonie.
Eng Mozart-Soirée

Eng Mozart-Soirée

De Jean Muller an d'Laetitia Shi spille Pianosconcerti am CAPE zu Ettelbréck (12.2.2017).

Den Opening zu Tréier

En internationale Festival fir aktuell Klangkonscht
Les Soirées musicales de Bissen

Les Soirées musicales de Bissen

De Festival 2017 fänkt e Sonndeg (12.2.2017) un.

"Den 2. Concerto fir Sitar ass mäi Favorit"

Ee Gespréich mat der Sitar-Spillerin Anoushka Shankar

Music@Drama

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt am Kinneksbond zu Mamer.

Ee Pianist mat Potenzial

De Lukasz Krupinski steet um Ufank vun enger spannender Carrière.

Eng Commande fir de Gebuertsdag

D'Militärmusek spillt am Kader vun hirem 175. Anniversaire am Artikuss (10.2.2017). Um Programm d'Creatioun vun engem Wierk vum amerikanesche Komponist Bruce Hamilton.

Vun enger Abschiedssinfonie zu enger, déi d'Liewe feiert?

Zesumme mam Symphonieorchester des Bayerischen Rundfunks interpretéiert de Mariss Jansons dem Gustav Mahler seng 9. Sinfonie.

"Mit Fried und Freud ..."

D'Ensemblen Vox Luminis a L'Achéron bei de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette

De Krzysztof Penderecki European Centre for Music

Eng Plaz, wou aus Talenter Kënschtler ginn.

Vum Daniel Hope bis bei d'Struwwelpippi

D'Fréijorssaison am Trifolion zu Iechternach

Nuria Rial & Artemandolin: Philharmonie 6.2.2017

D'Nuria Rial, eng vun deene bekanntste Sopranistinne mat Artemandolin an der Philharmonie

Gioachino Rossini: Komponist vum Mount Februar

De Gioachino Rossini ass den 29. Februar 1792 gebueren, also geschwënn genee virun 225 Joer.

Live-Matschnëtt SR2-100,7 - 29.1.2017

Den SR2 Kulturradio an den 100,7 diffuséieren den 29.1.2017 um 11 Auer de Concert live aus der Congresshalle zu Saasbrécken.

SEL & Nelson Freire - Philharmonie 30.1.2017

Den nächste Concert vun den Solistes Européens, Luxembourg ass den 30. Januar 2017 an der Philharmonie.

Den Emil Kreuz - eng Entdeckung

Ee Quintett fir Cor a Sträicher vum däitsche Komponist steet um Programm vun engem Concert e Sonndeg (29.1.2017) an der Philharmonie.
E Living an Amerika

E Living an Amerika

Eng Satire mat Musek vum Georges Urwald

"Ech wäert net roueg bleiwen!"

E Wierk vum amerikanesche Komponist Bruce Adolphe, dat duerch d’Entwécklungen an den USA un Aktualitéit gewonnen huet.