Radioen

On air

De barocke Moien  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Intermezzo aus der Oper "L'amore medico" - Frank-Michael Guthmann (Cello), Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Pensiounsdebatt: Iwwer wéi eng Pensioune schwätze mer iwwerhaapt?

Pensioun

Pensiounsdebatt: Iwwer wéi eng Pensioune schwätze mer iwwerhaapt?

D‘OGBL Presidentin hätt bis elo net eraushéieren, wéi wann d‘Ännerungen an de Pensioune just de Privatsecteur géife betreffen. Eng entspriechend Ausso huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz e Freideg am 100,7-Interview gemaach. D‘Nora Back mengt och net, datt et zu enger Spléckung tëschent den zwee Secteure kënnt.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow

An der Pensiounsdebatt stinn dës Woch weider Gespréicher un. Ënner anerem trëfft d‘Sozialministerin sech mat der Studentenorganisatioun ACEL an och der CGFP. Dobäi gesäit et sou aus, wéi wann d‘Ännerunge bei de Pensiounen d‘Staatsbeamte guer net betreffe géif. Iwwert déi Annonce vum Marc Spautz huet d‘OGBL Presidentin sech iwwerrascht gewisen.

D'OGBL-Presidentin Nora Back hat déi zoustänneg Ministesch nämlech bis elo net esou verstanen, datt just iwwer d‘Pensiounen am Privatsecteur soll geschwat ginn. An enger Entrevue mat der Martine Deprez an de Gewerkschaften OGBL an LCGB, wollt d‘Ministerin keng Ausso an déi Richtung maachen, esou d‘Nora Back. D‘Martine Deprez wéilt alles oppe loossen a kucke wou et higeet.

D‘Nora Back mengt awer net, dass d'Pensiounsdebatt elo wäert zu enger Spléckung tëscht de private Salariéen an de Staatsbeamte féieren. Déi dräi grouss Gewerkschafte géifen nämlech gëeent an dës Diskussiounen eragoen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft