Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Robert Schumann - Fantasiestécker fir Piano a Klarinett, Op. 73, I. Zart und mit Ausdruck - Tabea Zimmermann (Braatsch), Jörg Widmann (Klarinett), Dénes Várjon (Piano)

play_arrow Live
opus

/ ADEM: Aschreiwunge klammen, Chômagetaux bleift stabel

Aarbecht

ADEM: Aschreiwunge klammen, Chômagetaux bleift stabel

Enn September ware 17.733 Persoune bei der ADEM ageschriwwen, dat waren der ronn 1.170 méi wéi am September d‘lescht Joer. Dat mécht eng Hausse vu knapp iwwer 7 Prozent aus. Wéi Statec an ADEM matdeelen, bleift de Chômagetaux stabel bei 5,8 Prozent.

auto_stories

1 min

ADEM Hamm | © adem.lu/Thierry Frisch

Am stäerksten ass de Chômage bei den héich Diploméierten eropgaangen an an der Alterstranche tëscht 30 a 44 Joer. De Bausecteur ass am meeschte betraff, duerno den Transport, d‘Industrie, Comptabilitéit, d‘Informatik an d‘Banken. 

D‘Zuel vun den neien Inscriptiounen ass och an der Hausse. Am September hu sech 3.260 Persounen nei beim Aarbechtsamt ageschriwwen.

Déi disponibel Plazen, par conter, sinn zréckgaangen, ëm ee Véierel am verglach mam leschte Joer.