Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Robert Schumann - Fantasiestécker fir Piano a Klarinett, Op. 73, I. Zart und mit Ausdruck - Tabea Zimmermann (Braatsch), Jörg Widmann (Klarinett), Dénes Várjon (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Serge De Carli: Franséisch Grenzkontrolle goufen net mat de Provënzen debattéiert

Mont-Saint-Martin

Serge De Carli: Franséisch Grenzkontrolle goufen net mat de Provënzen debattéiert

De Buergermeeschter vu Mont-Saint-Martin, un der Grenz zu Rodange, kritiséiert am 100,7-Interview déi annoncéiert franséisch Grenzkontrollen. De Stau op der franséisch-Lëtzebuerger Grenz wier elo scho katastrophal a kéint d’Situatioun weider verschlëmmeren, esou de Serge De Carli.

auto_stories

1 min

Och hätt d’Regierung vum Michel Barnier hir Decisioun net mat de Provënzen ofgeschwat. De Buergermeeschter seet, hie wier duerch d’Press gewuer ginn, datt d’Grenzkontrolle sollen agefouert ginn.

De manière générale, j'aimerais qu'entre l'État central parisien et les provinces, il y ait davantage effectivement de débats et plus de prise en compte des spécificités territoriales.“

Ausso lauschterenplay_arrow

De Buergermeeschter vu Mont-Saint-Martin seet, hie géif erkennen, datt et Sécherheetsprobleemer an de Grenzregioune géif ginn. Mee d’Grenzkontrolle kéinten awer och dem Bild vun Europa schueden.

Ausso lauschterenplay_arrow

Den Inneminister Léon Gloden schwätzt eegenen Aussoen no des Woch nach eng Kéier mam franséischen Inneminister. Den CSV-Politiker hat d’lescht Woch net mat negative Repercussiounen op de Grenztraffic gerechent.