Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Virwërf zum Personalmanagement: Äntwerte vum Conter Schäfferot net zefriddestellend

Gemeng Contern

Virwërf zum Personalmanagement: Äntwerte vum Conter Schäfferot net zefriddestellend

D’Oppositioun am Conter Gemengerot ass net zefridde mat den Äntwerten déi si vum Schäfferot zu de Virwërf beim Personalmanagement krut. D’Oppositiounsparteien DP an déi gréng haten déi Äntwerten d’lescht Woch schrëftlech zougestallt kritt, och dat stéisst bei béide Partei op Kritik.

auto_stories

2 min

En toxescht Aarbechtsklima, vill Leit déi an de leschte Jore gekënnegt hätten an e Schäfferot deen net bereet ass op déi Situatioun ze reagéieren. Dat waren d’Virwërf déi d’Oppositiounsparteien DP an déi gréng an och den OGBL virun engem gudde Mount virbruecht haten. Virwërf, déi de Schäfferot deemools zréckgewisen huet. Iwwer en Audit wéilt een e Rapport ausschaffe loosse fir d’Situatioun ze préiwen.

Äntwerten net zefriddestellend

An engem Bréif un de Schäfferot huet d’Oppositioun dunn eng 20 Froen zum Thema Personalmanagement opgeworf. D’Froe goufen net an enger ëffentlecher Sitzung mee schrëftlech beäntwert. Déi Äntwerte wieren auswäichend a géifen éischter vun enger Beroderfirma wéi vum Schäfferot kommen, sou de Conseiller vun déi gréng Ari Arrensdorf.

"Nee, et ass net zefriddestellend. A virun allem, wat ech net gutt fannen, dat ass, dass mer an der Sitzung quasi e Maulkuerf ugedoe krute vun der Madamm Buergermeeschter."

Si wéilt net, datt d‘Äntwerten ëffentlech zirkuléieren an aus dem Kontext gerappt ginn. Fir den Ari Arrensdorf wier dat awer d‘Basis vum demokrateschen Debat.

OGBL wennt sech un zoustänneg Ministeren

Och den OGBL gouf op d’Situatioun opmierksam gemaach a begleet d’Personal, bis op e Schreiwes vum Schäfferot wier et dem Alain Rolling no awer nach net zu engem Gespréich komm.

Et hätt ee sech schonn un den Aarbechtsminister an un den Inneminister gewannt, fir erauszefannen, wéi si zu dem Dossier stinn.

„Well fir eis ass kloer, sinn zwar elo vläicht eng Firma do en place gesat, fir do eng Enquête ze maachen. Mee ech mengen een deen eng Firma rifft a sou bezilt, ech mengen do kritt een och oft dat Resultat wat ee wëll.“

Souwuel fir d’Oppositioun wéi och fir d’Gewerkschaft ass dësen Dossier also nach net ofgeschloss. DP an déi gréng wëlle sech elo iwwer weider Schrëtt ofschwätzen. D’Lëtzebuerger Wort hat d’lescht Woch gemellt, verschidde Mataarbechter hätte sech iwwerdeems en Affekot geholl.

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft